Nikolaus Hein

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Nuvola apps ksig.png Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Den Nikolaus Hein

Den Nikolaus, och Nik[1] oder Nicolas Hein, gebuer de 17. Juni 1889 zu Éinen, a gestuerwen de 7. Oktober 1969 zu Eech, war e lëtzebuergesche Professer fir Däitsch, Griichesch a Geschicht an Auteur.

Säint am beschte bekannt Wierk ass de Roman: Der Verräter, deen 1989 ënner dem Titel: De falschen Hond verfilmt gouf.

Hie war Éieremember vun der GEDELIT, déi 1934 gegrënnt gouf.

Inhaltsverzeechnes

Der Brunnen [änneren]

Den Hein huet vun 1925 un dat däitscht Schoulbuch "Deutsches Lesebuch für höhere Schulen" erausginn, dat vun 1955 un ënner dem Titel "Der Brunnen" publizéiert gouf.

Säi Wierk [änneren]

  • Lichter und Funken, 1917, Gedichter
  • 1792, Goethe in Luxemburg: eine philologische und geschichtliche Studie, 1925 Verlag V. Bück, 240 S.
  • Unterwegs. Gesammelte Prosa, 1939, Verlag "Der Freundeskreis", Lëtzebuerg
  • Der Verräter, 1948, Hofdruckerei P. Linden, Lëtzebuerg
  • Das Nikolausbuch. Nikolausgeschichten aus aller Welt, gesammelt von N. Hein, 1961, St.-Paulus-Druckerei, Lëtzebuerg
  • Gertrud. Ein Moselroman, 1999, postum erausgi vu sengem Eedem, dem Joseph Groben an illustréiert vum Nico Klopp

Gielercher [änneren]

Literatur [änneren]

  • Jos. Groben, Der Moseldichter Nikolaus Hein (1889-1969) ; in: nos cahiers, 20. Joër, 1999, Heft 3 (<<Kanton Gréiwemaacher>>); Ss. 9-45.
  • Edouard Marc Kayser, Nicolas Hein 1889-1969; in: 400 Joer Kolléisch, Band II, S. 361-362; Sankt-Paulus Verlag, Lëtzebuerg, 2003. ISBN 2-87963-419-9.

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Referenzen [änneren]