Nora Ephron
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Nora Ephron, gebuer den 19. Mee 1941 zu New York City an och do gestuerwen de 26. Juni 2012, war eng US-amerikanesch Dréibuchauteur a Filmregisseurin.
Vun hir sinn d'Dréibicher zu Silkwood (1983) mat der Meryl Streep an der Titelroll, When Harry Met Sally (1989) mat der Meg Ryan an dem Billy Crystal, Sleepless in Seattle (1993) oder You Got Mail (1998), allen zwee mat der Meg Ryan an dem Tom Hanks. Bei deene leschtgenannten zwee huet si och Regie gefouert.
Och hir Elteren Henry a Phoebe Ephron waren Dréibuchauteuren.
Filmographie [änneren]
- (1983) Silkwood (Dréibuch)
- (1986) Heartburn (Dréibuch, Roman)
- (1989) When Harry Met Sally... (Dréibuch, Koproduzent)
- (1989) Cookie (Dréibuch, Exekutiv-Produzent)
- (1990) My Blue Heaven (Dréibuch, Exekutiv-Produzent)
- (1992) This Is My Life (Regie, Dréibuch)
- (1993) Sleepless in Seattle (Regie, Dréibuch)
- (1994) Mixed Nuts (Regie, Dréibuch)
- (1996) Michael (Regie, Dréibuch, Auteur)
- (1998) Strike! / The Hairy Bird / All I Wanna Do (Exekutiv-Produzent)
- (1998) You've Got Mail (Regie, Dréibuch, Produzent)
- (2000) Hanging Up (Regie, Dréibuch, Produzent)
- (2000) Lucky Numbers (Regie, Produzent)
- (2005) Bewitched (Regie, Dréibuch, Produzent)
- (2009) Julie & Julia (Regie, Dréibuch, Produzent)