Norbert Etringer

Vu Wikipedia
Norbert Etringer
Gebuer 4. November 1913
Gestuerwen 23. Januar 2001
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker

Den Norbert Etringer, gebuer de 4. November 1913 zu Léiweng a gestuerwen den 23. Januar 2001[1] an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Douanesbeamten, Lokalhistoriker an Auteur. Hien huet op Däitsch geschriwwen.

Nieft enger ganzer Rëtsch vun Artikelen iwwer den Tourismus, d'Gastronomie an de Folklore, huet hie Kuerzgeschichten an Novellen, an eng Geschicht vum Kino zu Lëtzebuerg geschriwwen

Hie war Korrespondent vum Radio RTL Lëtzebuerg a vun enger Rëtsch vun Zeitungen an Zäitschrëften.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Norbert Etringer ass um Lampertsbierg (1919-1923) an zu Hollerech (1923-1926) an d'Schoul gaangen. No zwee Joer an der deemoleger Industrieschoul (haut de Stater Jongelycée) huet hien eng Léier an der Firma Paul Wurth gemaach. 1937 ass hie bei d'Douane gewiesselt, wou hie bis zu senger Pensioun bliwwen ass.

Am Zweete Weltkrich war hien an der Douanesschoul zu Bautzen (1941) an huet op engem Chantier am Rheinland geschafft.

Nom Krich war hien Douanesbeamten zu Schengen, Esch-Uelzecht a Bouneweg.

1983 gouf hie Membre correspondant vun der Section historique vum Institut grand-ducal.

Hie war Mataarbechter vu Radio RTL Lëtzebuerg a Korrespondent vum Luxemburger Wort, Dem Biergmann, dem Lëtzebuerger Sonndesblad, dem Républicain Lorrain, ons stad an der Revue.[2]

Allgemenges zu sengem Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Seng literaresch Texter huet den Norbert Etringer verstanen als Erënnerung un ausgestuerwe Beruffer (Schrotthändler, Schéiereschlëffer), d'Gebräicher an d'Liewensweis vun de Leit. Aner Schwéierpunkte sinn d'Beschreiwung vun der Natur an de Landschaften, dat an Däitschland (Marsch) an zu Lëtzebuerg (der Muselgéigend).

Weider Theme sinn d'Kulturgeschicht vu Lëtzebuerg, virun allem d'Geschicht vum Kino an den Zinemaen, d'Krichshandlungen am Zweete Weltkrich, d'Gastronomie, den Turismus an de Folklor.

Den Norbert Etringer huet d'Chronike vun de Paren an de Gemenge vu Schengen (1956), Biermereng (1981) an Hollerech (1983) geschriwwen.

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • 1964: Sterne über der Marsch. Novelle in einer Landschaft. Mat Fiederzeechnunge vun der Ger Maas. (Nei Oplo am Joer 1993, Éditions Émile Borschette, Christnach, 38 Säiten).[3]
  • 1965: Inauguration du monument aux morts 1940-1945 Hollerich 26 septembre 1965. Dréckerei Jos Ewen, Lëtzebuerg-Hollerech. 64 S.
  • 1983: Hollerich: Vom Dorf zur Industriegemeinde. ons stad 14, S. 4-6. PDF
  • 1984: Es gab einmal einen steinernen Zirkus auf Limpertsberg. ons stad 18, S. 5.
  • 1989: Liebes, altes Hollerich. Verlag Emile Borschette, 172 S. Dréckerei Joseph Beffort, Lëtzebuerg.
  • 1992: Die Schobermesse. So war sie früher. Editions Emile Borschette, Christnach, 197 S.
  • 1994: Vorstadtfrühling. ons stad 45, S. 26-27.
  • 1997: Spätlese. Éd. Borschette, 69 S.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Conter, C.D., 2007. Etringer, Norbert. In: Luxemburger Autorenlexikon, S. 152.
  • Hausemer, G., 2004. Etringer, Norbert. In: Luxemburger Lexikon, S. 109. Éditions Guy Binsfeld, Lëtzebuerg.
  • Anonym, 2001. Norbert Etringer, Lokalhistoriker und langjähriger LW-Mitarbeiter, gestorben. Luxemburger Wort vum 25. Januar 2001, S. 7.
  • Anonym, 2001. Lokalhistoriker Norbert Etringer (88) verstorben. Tageblatt vum 25. Januar 2001.
  • Anonym, 2001. In memoriam Norbert Etringer. ons stad 61, S. 31.
  • K.M., 1993. Norbert Etringer: ein Lokalhistoriker wurde 80. Tageblatt 1993, Nr. 261 (16. November), S. 14.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. De Luxemburger Autorenlexikon (S. 152) an de Luxemburger Lexikon (S. 109) ginn den 23. Januar als Stiewesdatum, an ons stad (61 S. 31) steet iertemlecherweis de 24. Januar.
  2. D'biographesch Donnéeë baséieren um Text vum Artikel am Luxemburger Autorenlexikon (2007).
  3. Kuck: pl., 1993. Behutsames Landschafts- und Seelenspiel: zur Neuauflage von "Sterne über der Marsch" von Norbert Etringer. Die Warte 1993, Nr. 35 (9. Dezember), S. 2.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]