Norbert Hastert

Vu Wikipedia
Norbert Hastert
Gebuer 27. Februar 1942
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler
Den Norbert Hastert op senger Ausstellung zu Conter (November 2005) mat engem vu senge Biller

Den Norbert Hastert, gebuer de 27. Februar 1942 an der Stad, ass e lëtzebuergesche Moler. Haut lieft a moolt hien zu Diddeleng.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Norbert Hastert huet de Lycée bis Première besicht. Konscht huet hien zu Tréier studéiert. Hien ass Member vum Cercle Artistique de Luxembourg a vum Institut Européen de l'Aquarelle.

Ausstellungen[änneren | Quelltext änneren]

Dem Norbert Hastert seng Biller waren zu Lëtzebuerg ënner anerem zu Esch-Uelzecht, Steesel, Beetebuerg, Munneref a Klierf ze gesinn. Seng Biller hunn och de Wee an d'Ausland fonnt, sou si se zu Metz, Bréissel, Gand, Vittel, Paräis, Den Haag an Dublin gewise ginn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Cent ans d'art luxembourgeois (1893-1993) (Band 2, Säit 202 an 203) (CAL)
Norbert Hastert: Vue op d'Stad

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]