Norbert Haupert

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Norbert Haupert, gebuer den 2. Abrëll 1940 zu Schëffleng, ass e lëtzebuergesche Politiker (CSV), fréiere Sportler a Sportsfonktionnär.[1]

Vun 1987 bis 1989 war hien Direkter vum Lycée technique d'Esch-sur-Alzette.

Hien ass zënter dem 12. August 1999 Deputéierten an der Chamber an zënter dem 1. Januar 1999 Gemengeconseiller zu Monnerech.

Hie war vun 1973 bis 1979 President vun der Fédération luxembourgeoise d'athlétisme a vun 1989 bis 1999 President vum Comité olympique et sportif luxembourgeois. 1999 hat hie seng Demissiounen agereecht, well hien eng politesch Carrière wollt aschloen.

Als aktive Sportler war hien 1961, 1962, 1963, 1966 a 1967 lëtzebuergesche Landesmeeschter op den 800 Meter

Hien huet 1960 un den Olympesche Spiller zu Roum deelgeholl.[2]

Gielercher [änneren]

Kuckt och [änneren]

Virdrun Olympic rings with white rims.svg  Sportler vum Joer  Olympic rings with white rims.svg Duerno
Sylvie Hülsemann 1962 - 1963 Charles Sowa


Referenzen [änneren]