Norbert Ketter
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Norbert Ketter, gebuer de 4. Abrëll 1942 zu Diddeleng a gestuerwen de 5. Februar 1997 zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuergesche Fotograf.
Den Norbert Ketter huet zu Essen op der Folkwang-Werkkunstschule studéiert, wou e Meisterschüler beim Professer Otto Steinert war. Hie gouf bekannt duerch seng schwaarz-wäiss Fotoen, déi en zu Lëtzebuerg an am Ausland ausgestallt huet. Zwee Bicher ginn Abléck a seng Konscht:
Seng Fotoen, déi hie selwer vergréissert huet, sinn a villen ëffentleche Gebaier ze gesinn. De gréissten Deel vu senge Fotoen hunn entweder lëtzebuergesch Landschaften oder Mënschen als Thema. Hien huet mat Hasselblad - Mëttelformatfotoapparate geschafft a ganz vill Zäit un d'Vergréisserunge gehaangen.
No sengem Doud huet den CNA säi komplett fotografescht Wierk opkaaft, dat am Gaang ass restauréiert a katalogiséiert ze ginn.
Den Norbert Ketter war de Brudder vum Schrëftsteller Rolph Ketter a vum Graphiker Heng Ketter.