Norbert Stull

Vu Wikipedia
Norbert Stull
Gebuer 10. Dezember 1942
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schachspiller
Aktuell
Elo-Zuel
2.073, 2.069, 2.057, 2.042, 2.075, 2.056, 2.071, 2.014, 2.058, 2.069, 2.045, 2.077, 2.069, 2.058, 2.045, 2.064, 2.058, 2.069, 2.045, 2.064, 2.075, 2.056, 2.071, 2.014, 2.075, 2.056, 2.014, 2.058, 2.069, 2.045, 2.069, 2.073, 2.067, 2.066, 2.014, 2.058, 2.075, 2.049, 2.078, 2.058, 2.075, 2.049, 2.078, 2.058, 2.075, 2.049, 2.078, 2.014, 2.157, 2.133, 2.133, 2.120, 2.118, 2.185, 2.164, 2.060, 2.157, 2.133, 2.133, 2.097, 2.105, 2.105, 2.097, 2.144, 2.184, 2.164, 2.172, 2.095, 2.074, 2.133, 2.144, 2.114, 2.109, 2.095, 2.129, 2.134, 2.143, 2.156, 2.144, 2.105, 2.060, 2.167, 2.095, 2.074, 2.167, 2.081, 2.060, 2.168, 2.110, 2.082, 2.133, 2.139, 2.114, 2.106, 2.097, 2.138, 2.141, 2.168, 2.110, 2.081, 2.014, 2.014, 2.022, 2.017, 2.017, 2.017, 2.022, 2.072, 2.086, 2.023, 2.065, 2.019, 2.085, 2.096, 2.065, 2.083, 2.079, 2.076, 2.065, 2.072, 2.096, 2.071, 2.173, 2.144, 2.106, 2.215, 2.215, 2.225, 2.225, 2.250, 2.250, 2.215, 2.200, 2.205, 2.205, 2.250, 2.250, 2.270, 2.265, 2.230, 2.245, 2.235, 2.205, 2.215, 2.210, 2.225, 2.230, 2.245, 2.245, 2.230, 2.230, 2.240, 2.225, 2.200, 2.200, 2.200, 2.190, 2.190, 2.190, 2.189, 2.188, 2.180, 2.156, 2.152, 2.255, 2.260, 2.260, 2.260, 2.275, 2.250, 2.250, 2.250, 2.270, 2.270, 2.270, 2.270, 2.106, 2.106, 2.105, 2.106, 2.109, 2.109, 2.091, 2.096, 2.096, 2.098, 2.096, 2.089, 2.096, 2.111, 2.087, 2.091, 2.096, 2.086, 2.109, 2.111, 2.106, 2.096, 2.109, 2.081, 2.109, 2.096, 2.096, 2.096, 2.096, 2.096, 2.096, 2.096

Den Norbert Stull, gebuer den 10. Dezember 1942, ass e lëtzebuergesche Schachspiller.

Hien huet tëscht 1968 an 1998 bei 14 Schacholympiade matgemaach, dovun 1976 an 1978 am Spëtzebriet. Am Ganzen huet hien 65,5 Punkten aus 141 Partië kritt.[1] Domat ass hie lëtzebuergesche Rekordnationalspiller.

Den Norbert Stull huet och bei zwéin Zonenturnéiere matgemaach, 1975 zu Pula an 1990 zu Lyon, wou en allerdéngs all Kéier déi lescht Plaz krut. Bei den Europameeschterschafte vun de Seniore war hien 2005 zu Dresden (58. Plaz) an 2007 zu Hockenheim (41. Plaz 41). Bei derSenioreweltmeeschterschaft 2008 zu Bad Zwischenahn koum hie mat 6 Punkten aus 11 Tier op déi 100. Plaz. Bei der Mannschaftseuropameeschterschaft vun de Senioren 2009 zu Velden am Wörther See krut hie mat 7,5 Punkten aus 9 Partien dat bescht Resultat um drëtte Briet.[2]

Zanter 1996 spillt hie fir de Veräin Le Cavalier vun Déifferdeng a gouf 2007/2008 Lëtzebuerger Mannschaftsmeeschter. Seng Elo-Zuel läit bei 2164 (Stand: Abrëll 2009).

Korrespondenz-Schach[änneren | Quelltext änneren]

Den Norbert Stull spillt och zanter 1967 Korrespondenzschach. Hien huet déi 33. Europameeschterschaft vun 1986 bis 1994 mat 10,5 Punkten aus 14 Partie gewonnen. Vun 1998 bis 2003 huet hien an der Virgrupp vun der 13. Korrespondenzschacholympiad matgespillt a mat 7,5 Punkten aus 11 Partien dat bescht Resultat vu senger Ekipp kritt.

Beim Bohatirchuk-Memorial, dat vun 2002 bis 2005 ausgedroe gouf, koum e mat 10 Punkten aus 14 Partien op déi gedeelten 2.-3. Plaz. 2003 krut hien den Titel vun engem Korrespondenzschach-Groussmeeschter. Vun 2004 bis 2008 huet hie bei der Finall vun der 19. Korrespondenzschach-Weltmeesterschaft matgemaach a koum mat 6,5 Punkten aus 12 Partien op déi 6. Plaz.

Am Korrespondenzschach huet den Norbert Stull eng Ratingzuel vun 2590, déi op 215 gewäerte Partië baséiert (Stand: 2. Semester 2008).[3] Domat steet hien op der 100. Plaz vun der der ICCF-Weltranglëscht.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Olimpbase
  2. Chess-results.com
  3. ICCF-Datenbank

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]