Norbert Thill

Vu Wikipedia
Norbert Thill
Gebuer 10. Mee 1923
Gestuerwen 2. Mee 2013
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Fotograf

Den Norbert Thill, gebuer den 10. Mee 1923 zu Péiteng a gestuerwen den 2. Mee 2013[1], war e lëtzebuergesche Musekserzéier, Fotograf, Organist an Auteur.

De "Professer Thill", wéi hie meeschtens genannt gouf, ass besonnesch bekannt wéinst senge Fotoen an der Zäitschrëft Heimat und Mission, déi zanter 1927 vun den Häerz-Jesu Pateren zu Clairefontaine publizéiert gëtt, a senge Virträg iwwer Kulturelles aus der ganzer Welt, déi hie joerzéngtelaang am ganze Ländchen an am Ausland gehalen huet. Seng aussergewéinlech Dokumentatioun iwwer d'Stadt Venedeg ass vun der UNESCO ausgezeechent ginn. Fir seng Opnamen a Rumänien a seng Konferenzen iwwer de rumänesche Kulturpatrimoine huet hien als éischten den Titel "ambassadeur culturel de la Roumanie" kritt. Dausenden Artikelen huet hien an deene verschiddenste Printmedie verëffentlecht.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Norbert Thill, Orgeln und Orgelbau in Luxemburg; Fiels, Verlag Émile Borschette, 1993.
  • Norbert Thill, Bekannte und verborgene Schönheiten in Luxemburg; 4 Bände (1995 - 2005); Clairefontaine, Verlag Heimat und Mission.
  • Norbert Thill, Kostbarkeiten aus unserem Kulturpatrimonium zum Kulturjahr 2007; Clairefontaine, Verlag Heimat und Mission; Drock: Imprimerie Saint-Paul, 2007; 139 S. (ill.).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Prof. Norbert Thill †. Luxemburger Wort 2013, Nr. 107 (8. Mai), S. 18.
    Prof. Norbert Thill gestorben. Wort.lu, 08.05.13 [1]