Norbert Weber

Vu Wikipedia
Norbert Weber
Gebuer 16. Februar 1925
Lëtzebuerg
Gestuerwen 17. Mäerz 2007
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller

Den Norbert Weber, gebuer de 16. Februar 1925 zu Iechternach a gestuerwen de 17. Mäerz 2007, war e lëtzebuergesche Kolumnist an Auteur.

Den Norbert Weber war berufflech Staatsbeamten. Hien huet mam Pierre Grégoire 1959 de Ministère des Arts et Sciences (spéider Ministère des Affaires culturelles) an d'Liewe geruff, deen e bis 1975 geleet huet. An där Zäit sinn eng ganz Rei vu kulturellen Institutiounen entstanen oder gestäerkt ginn, un deenen hien aktiv bedeelegt war, an d'Basis vun enger moderner Kulturpolitik ass geschaf ginn (d'Kulturrevue "Arts et lettres", d'Concert-Zykle vun de "Soirées de Luxembourg", eng ganz Rei vu kulturellen Accorden, den Neien Theater zu Lëtzebuerg, eng Modernisatioun vun de Kulturinstituter - Nationalbibliothéik, Staatsarchiv, Nationalmusée - deenen hir wëssenschaftlech Roll gestäerkt gouf, asw.).

Wéinst politeschen Differenze mam Minister Robert Krieps huet den Norbert Weber 1975 ëm eng Versetzung gefrot. 1977 huet hien als ee vun deene wéinege géint d'Zerstéierung vum Iechternacher Lëschenhaus protestéiert a weider Opféierunge vu senge Wierker verbueden, bis datt déi Responsabel vun där Dot net méi am Amt wieren.

Vun 1979 u war e kuerz Zäit Cabinetschef vum Pierre Werner am Kulturministère. En huet sech aus der Kulturpolitik zeréckgezunn, wéi sech fir hien erausgestallt huet, datt säin neie Minister keng kloer Iddien a Saache Kultur hat.

Et gëtt ugeholl, datt hien et war, deen ënner dem Pseudonym Luussert tëscht 1974 an 1979 am Luxemburger Wort, wéi d'CSV an der Oppositioun war, schaarf Kriticke géint d'Regierung Thorn-Vouel-Berg geschriwwen huet.

Seng literaresch Produktioun ëmfaasst Theaterstécker, Lauschterspiller an, ënner dem Pseudonym Nowe, eng Rei vu Revuen.

1966 huet hien den Nationale Literaturpräis kritt, an 1990 d'Dicks-Rodange-Lentz-Sëlwerplackett, déi en zeréckgeschéckt huet, wéi e gemierkt huet, wien déi Plackett soss nach kritt huet.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • De Schéifermisch, 1958 (Theaterstéck iwwer de Michel Pintz)
  • En Apel fir den Duuscht. E Stéck an zwéin Deeler, 1962
  • Jean Chalop, 1963, Theaterstéck iwwer de Jean Schalopp, mat Musek vum Edmond Cigrang
  • Eng Nuecht wéi all aner. E Radiospill fir Chröschtdâg, 1964 (Lauschterspill)
  • Eng Sëffecht op der Musel. E Stéck mat Zodi,Musék a Gesank, 1966; Musek vum René Eiffes
  • Dicksereien, 1974, eng Operett
  • De Bretzert, 1977*
  • D'Fatzbeidelen, 1980
  • De Luussert, 1981
  • Mecht de Kiddel de Minnich?

Lëtzebuerger "Revuen"[änneren | Quelltext änneren]

  • 1957: 1:0
  • 1958: O Nondikass
  • 1959: Quetschen och!
  • 1960: Wat gelifft?
  • 1961: Kredjeft!
  • 1964: Knätsch
  • 1968: Wien huet Angscht vrun där Equipe?
  • 1969: Donnerwetzki
  • 1981: Gissereien

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. IN UNSERER REPORTAGE VON POL ASCHMAN „GIELERCHER“ op der Säit 3 vum Luxemburger Wort vum 17. Juli 1973 op eluxemburgensia.lu gekuckt de 24. Dezember 2022
  2. Distinctions honorifiques à l'Ambassade des Pays-Bas. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (8. Mäerz 1974). Gekuckt de(n) 2023-01-22.