Nordesch Kombinatioun

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
RR5219-0021R.png


D'Nordesch Kombinatioun ass eng Sportsdisziplin vun den Olympesche Spiller. Et ass eng Kombinatioun tëschent Schisprangen a Schilaanglaf. Dës Competitioun ass fir d'éischt bei den Olympesche Wanterspiller vun 1924 zu Chamonix derbäi gewiescht.


[änneren] Regelen

Et gëtt dräi verschidde Competitiounen am Nordesche Schi a si ginn allen dräi an zwéin Deeg ofgehalen. Am Eenzel gëtt op enger Schanz vun 90 m gesprong. Am Sprint an an der Equipe ass et eng vun 120 m. D'Laanglafstreck huet am Eenzel 15 km, am Sprint 7.5 km an an der Equipe 4 x 5 km.

[änneren] Am Eenzel

All Athlet spréngt zweemol vun der Schanz a seng Punkte ginn notéiert. Den zweeten Dag start deen éischten aus dësem Klassement och als éischten. Déi aner starten an der Reiefolleg wéi se mat der Gundersen-Method errechent ginn ass.

[änneren] Sprint

Den éischten Dag maachen d'Konkurrente just ee Sprong vun der grousser Schanz, den zweeten Dag e Laanglaf vu 7,5 km.

[änneren] An der Equipe

All Mannschaft besteet aus 4 Sportler. Hir Resultater beim Sprange ginn zesummegerechent an sou wéi beim Eenzel gi se dann op Basis vun deem Resultat deen aneren Dag op d'Piste geschéckt.

Olympic rings.svg Olympesch Gewënner an der nordescher Kombinatioun am Eenzel

1924 : Thorleif Haug | 1928 : Johan Grøttumsbråten | 1932 : Johan Grøttumsbråten | 1936 : Oddbjørn Hagen | 1948 : Heikki Hasu | 1952 : Simon Slåttvik | 1956 : Sverre Stenersen | 1960 : Georg Thoma | 1964 : Tormod Knutsen | 1968 : Franz Keller | 1972 : Ulrich Wehling | 1976 : Ulrich Wehling | 1980 : Ulrich Wehling | 1984 : Tom Sandberg | 1988 : Hippolyt Kempf | 1992 : Fabrice Guy | 1994 : Fred Børre Lundberg | 1998 : Bjarte Engen Vik | 2002 : Samppa Lajunen | 2006 : Georg Hettich | 2010 : Jason Lamy-Chappuis

Commons: Nordic combined – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen