Nordesch Mythologie

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Nordesch Mythologie ass de Sammelbegrëff fir all d'Mythen aus der virchrëschtlecher Zäit aus Skandinavien.

An der nordescher Mythologie gouf et keen eenheetleche reliéise System, weder gouf eng Instanz déi de Glawe festgeluecht huet, nach eng streng Glawensform. D'Mythe goufen éischter als Iwwerbau fir verschidde Kultforme benotzt.

Et ginn aus där Zäit ganz wéineg schrëftlech Iwwerliwwerungen, déi meescht stamen dann och nach aus réimescher oder chrëschtlecher Hand a sinn dowéinst net neutral.