Nordirland

Vu Wikipedia


Nordirland
Northern Ireland (Englesch)
Tuaisceart Éireann (Iresch)
Norlin Airlann (Ulster Scots)

Union Jack

Wope vum Vereenegte Kinnekräich vu Vereenegt Kinnekräich

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Englesch, Iresch, Ulster Scots
Haaptstad: Belfast
 • Awunner: 280 000 (2001)
Staatsform:
 • Kinnigin: Elizabeth II.
 • Premierminister vu Groussbritannien: Peter Robinson
Fläch: 14 139 km²
Bevëlkerung: 1 710 300 (2004)
 • Bevëlkerungsdicht: 121/km²
Nationalhymn: inoffiziell Londonderry Air
Wärung: Pond Sterling
Zäitzon: UTC 0
Internet TLD: .uk
Internationalen
Telefonsprefix
:
+44

Nordirland ass déi klengst vun de 4 Natiounen déi d'Vereenegt Kinnekräich vu Vereenegt Kinnekräich bilden. Et läit um nordëstleche Wupp vun der Insel Irland an ass zesummegesat aus 6 Grofschaften.

Statut[änneren | Quelltext änneren]

Nordirland huet als Deel vum Vereenegte Kinnekräich am Prinzip en eegent Parlament (Assembly) an eng eege Regierung (Executive), déi eng gewësse lokal Autonomie géintiwwer der Zentralregierung vu London hunn. Zur Zäit (Januar 2007) funktionéieren déi Institutiounen awer net, well d'Parteien déi Member si sou duerch hir verschidde reliéis Hannergrënn zerstridde sinn datt eng effizient Verwaltung net denkbar ass. Dofir sinn déi Institutioune momentan suspendéiert an hir Aufgabe gi vun der Regierung vum Vereenegte Kinnekräich zu London iwwerholl.

Allgemeng politesch Situatioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Politik vun Nordirland gëtt traditionell duerch konfessionell an nationalistesch Hannergrënn bestëmmt. De kathouleschen Nationalisten, déi sech eng Vereenegung mat oder eng Unnäherung un d'Republik Irland wënschen, stinn d'Unionisten entgéint, déi allgemeng verschiddene protestanteschen Denomminatiounen ugehéieren, an déi fir d'Weiderbestoe vun der Unioun mat Groussbritannien astinn. Déi wichtegst politesch Parteie vertrieden dann och déi eng oder déi aner Communautéit.

Wichtegst politesch Parteie sinn:

  • Unionistesch:

Demokratesch Unionistesch Partei (DUP)

Ulster Unionistesch Partei (UUP)

Progressiv Unionistesch Partei (PUP)

  • Nationalistesch:

Sinn Féin

Sozialdemokratesch a Labour Partei (SDLP)

  • Neutral:

Allianz Partei

Bei de leschte Wale fir d'nordirescht Parlament (Assembly; momentan suspendéiert) am Joer 2003 goungen 30 Sëtz un d'DUP, 27 un d'UUP, 24 u Sinn Féin, 18 un d'SDLP, 6 un d'Allianz, 1 un d'PUP an 1 Sëtz un d'UK Unionistesch Partei.

Administrativ Andeelung[änneren | Quelltext änneren]

Nordirland ass a 6 Grofschaften agedeelt, déi awer hautzedaachs keng administrativ Funktiounen erfëllen. Dëst sinn d'Grofschaften Antrim, Armagh, Down, Fermanagh, Londonderry, an Tyrone. Déi klengst administratv Ënnerdeelunge sinn déi 26 Bezierker, déi an hirer Funktioun vergläichbar mat de Gemengen zu Lëtzebuerg sinn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Opdeelung[änneren | Quelltext änneren]

Nordirland huet eng ganz beweegte Geschicht. Am Joer 1801 gouf d'Kinnekräich Irland (dat déi ganz Insel abegraff huet) mat Groussbritannien vereenegt. Wéi um Uffank vum 20. Joerhonnert d'Diskussiounen ëm en onofhängegt Irland ëmmer méi haart goufen, an Unionistesch Elementer sech deem awer widdersat hunn, gouf decidéiert d'Insel opzesplecken. No laangem Hin an Hier a biergerkrichsähnlechen Zoustänn, virun allem am Zentrum an am Süde vun der Insel, an engem Delai deen duerch den Éischte Weltkrich verursaacht gouf, kruten 1921 nëmmen déi südlech Deeler vun der Insel als Republik Irland d'Onofhängegkeet, wärend 6 vun den 9 Grofschaften aus der Provënz Ulster am Nordoste bei Groussbritannien bliwwe sinn (partition).

Bis 1965[änneren | Quelltext änneren]

No der Opdeelung krut Nordirland eng relativ grouss Autonomi a sengen internen Affären a gouf vun der Zentralregierung zu London gréisstendeels mat Rou gelooss. Allerdéngs huet weider Gewalt geherrscht. An den éischte Joren huet d'Iresch Republikanesch Arméi (IRA) sech weider der Opspleckung widdersat an d'Administratioun huet drakonesch Noutstandsmesure geholl fir hirer Meeschter ze ginn. Vill Leit sinn an där Zäit duerch politesch motivéiert Gewalt ëm d'Liewe komm. Vill Katholicke sinn an de Süde geflücht, wärend gläichzäiteg e ganze Koup Protestanten aus dem Süden an den Norde gezu sinn. Et gouf och eng nei Police gegrënnt, d'Royal Ulster Constabulary (RUC), där allerdéngs méi Protestante bäigetruede si wéi Katholicken, wouduerch vun Uffanks un den Androck entstanen ass datt se parteiesch wieren an déi zwou Gemeinschaften net gerecht behandelen.

An de Gemengewale goufen dacks d'Grenze vun de Walbezierker sou festgeluecht datt unionistesch Elementer d'Iwwerhand an der lokaler Administratioun behale konnten. Och an der Beschäftegungspolitik gouf dacks géint d'Katholicken diskriminéiert, wat zu engem weideren Exodus gefouert huet. Hautzudaachs ginn och déi meescht unionistesch olitiker zou datt an Nordirland bis an d'70er Jore vum 20. Joerhonnert Katholicke systematesch benodeelegt goufen.

Trotzdeem war d'Zäit bis Mëtt vun de 60er Jore relativ roueg, mat der Ausnam vun der Attack vun der Luftwaffe op Belfast 1941, wou ronn 1000 Mënschen ëm d'Liewe komm sinn an e Véirels vun der Populatioun vu Belfast ondachlos gouf.

1965 bis 1998[änneren | Quelltext änneren]

Wéi an der Mëtt vun der 60er Joren den unionistesche Premierminister Terrence O'Neill probéiert huet eng Rei Reformen duerchzesetze fir fir méi Gerechtegkeet ze suergen, hu fir d'éischt radikal Unioniste sech gewiert. Doduerch ass och den Drock vun den Nationalisten ëmmer méi grouss ginn, an éischt gewaltsam Tëschefäll gouf et zu Derry a Belfast 1969. Am August 1969 goufen éischt Regimenter vun der Brittescher Arméi an Nordirland geschéckt fir d'Situatioun ënner Kontroll ze bréngen.

D'Period vun den nächsten 30 Joer gëtt allgemeng als The Troubles bezeechent. D'Kompetenze fir d'Sécherheet an Nordirland si vum Parlament direkt un d'brittesch Arméi iwwergaangen, mä d'Situatioun huet sech net berouegt. Well d'IRA sech mat deelweis terroristesch Methode géint d'Presenz vun der Arméi gewiert huet, ass 1971 ugefaange gi Verdächteger ouni Prozess anzesetzen, woumat d'Arméi och de lescht Ënnerstëtzung vu moderate Katholicke verluer huet. Dee gréissten Tëschefall war d'Erschéissung vu 14 onbewaffneten Zivilisten duerch Membere vun der brittescher Arméi bei engem Friddensmarsch den 30. Januar 1972 zu Derry, en Evenement, dat als Bloody Sunday an d'Geschicht agaangen ass. Am selwechte Joer gouf och d'Parlament vun Nordirland opgeléist an den Territoire direkt vu London aus verwalt.

D'Situatioun huet sech duerno zwar méi oder wéineger berouegt, mä et sollt bis 1998 dauere bis mam Good Friday Agreement d'Parlament vun Nordirland erëm agesat gouf. Dee Vertrag gouf vun all de Parteien, mat Ausnam vun der DUP an der UK Unionist Partei ënnerschriwwen.

Zanter 1998[änneren | Quelltext änneren]

Am neie Parlament sollt all Partei déi eng gewëssen Zuel vun Deputéiert hat och d'Garanti op Ministeren an der Regierung kréien. Dat huet dazou gefouert datt véier Parteien d'Regierung gestallt hunn, mat de méi moderaten UUP an SDLP an déi méi radikal vu béide Säiten, der DUP a Sinn Féin. Eng vun de wichtegste Konditioune vum Good Friday Agreement ass d'Entwaffnung vun der IRA, déi nëmme lues virukoum an ëmmer erëm zu Sträit tëscht de Parteie gefouert huet.

Vu Februar bis Mee 2000 gouf d'Parlament ausser Kraaft gesat well d'Parteie sech net eens gi sinn, an an där Zäit huet London erëm d'Verwaltung iwwerholl. Zanter dem 14. Oktober 2002 huet d'Palament net méi funktionéiert, a bei de Walen 2003 si mat Sinn Féin an der DUP déi méi radikal zu de stäerkste Parteie gewielt ginn, wat am Moment e Funktionéiere vum Parlament net erméiglecht.

Zanter 2004 lafen erëm Verhandlungen tëscht de Parteie fir d'Parlament erëm un d'Goen ze kréien, wéi et schengt mat luesen awer séchere Fortschrëtter.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Parlament vun Nordirland (en)

Commons: Northern Ireland – Biller, Videoen oder Audiodateien