Nordliicht TV

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Nordliicht TV ass en Tëlevisiounssender, deen e Programm vun enger Stonn an der Woch mam selwechten Numm iwwer verschidden Teledistributiounsnetzer zu Lëtzebuerg, an och iwwer den Astra-Satellit, verbreet.

E riicht sech virun allem um d'Awunner aus dem Norde vum Land.

Chefredaktesch ass d'Irène Pissinger-Engelmann an Direkter de Johny Pissinger.

Nordliicht TV gouf 1996 gegrënnt an déi éischt Sendung ass den 23. Abrëll 1997 iwwer Antenn gaangen.

Der TNS-ILRES Plurimedia Etude 2017.I no hunn tëscht Februar 2016 a Februar 2017 (mat Ausnam vun der Summervakanz) an der Moyenne all Woch 14.900 Leit iwwer 12 Joer Nordliicht TV gekuckt.[1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Pressecommuniqué vun TNS ILRES op paperjam.lu.