Nordstad-Lycée

Vu Wikipedia
Nordstad-Lycée
Provisoresch Strukture vum Nordstad-Lycée zu Dikrech (2008)
(NOSL)
Typ ëffentlech Schoul, Secondairesschoul
Regimm Classique, General, Professionnel
Land Lëtzebuerg
Leedung Francisca Rocha
Schülerzuel 594
Ënnersteet der/dem Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend
Gegrënnt 13. Juli 2007
Genannt no Nordstad
Um Spaweck https://www.nosl.lu/


Den Nordstad-Lycée ass eng ëffentlech lëtzebuergesch Secondairesschoul zu Dikrech.

Historique[änneren | Quelltext änneren]

Den 21. Juli 2007 (Gesetz vum 13. Juli 2007) gouf den Nordstad-Lycée an d'Liewe geruff[1]. Hien ersetzt d'Dikrecher Annexe vum Ettelbrécker Lycée technique, déi virdrun op der selwechter Plaz stoung.

Den Nordstad-Lycée steet um Campus an der rue Joseph Merten, tëscht der Hotelsschoul an dem neie Gebai vum Dikrecher Kolléisch. An der Tëschenzäit huet d'Schoul zwou Annexen: d'Annexe "Ateliers" an der Ettelbrécker Strooss zu Angelduerf an d'Annexe "Sauerwiss" an der aler Dikrecher Primärschoul (rue Sauerwiss)[2].

Déi provisoresch Strukture vum Lycée goufen de 14. September 2007 offiziell ageweit. 2011 huet den Nordstad-Lycée, zesumme mat deenen zwéin aneren Dikrecher Lycéeën an dem Lycée technique agricole vun Ettelbréck e Parc écologique kreéiert. Domat erfëllt d'Schoul d'Krittären, déi néideg si fir Member vum Réseau des écoles associées vun der UNESCO ze ginn. Am Oktober 2012 gouf den Nordstad-Lycée dunn offiziell an dat Schoulnetzwierk opgeholl.

Am Schouljoer 2012/2013 huet den Nordstad-Lycée ronn 650 Schüler.

Schouloffer[änneren | Quelltext änneren]

Den Nordstad-Lycée ass eng gemëscht Schoul a bitt Unterrecht am Classique, General a Professionnel un.

Internater[änneren | Quelltext änneren]

Den Nordstad-Lycée schafft am Partenariat mat verschiddenen Internater, wéi den Internater J. Schmit an Notre-Dame de Lourdes vun Dikrech a mam Internat Saccly zu Ierpeldeng.

Projeten[änneren | Quelltext änneren]

Nieft der Participatioun um europäeschen Austauschprogramm COMENIUS huet den Nordstad-Lycée bilateral Echangë mat däitsche Schoulen (St.-Willibrord-Gymnasium an Theobald-Simon Schule vu Bitburg).

Direkteren[änneren | Quelltext änneren]

  • 2007 - 2011: François Schartz
  • 2011 - 2018: Jean-Claude Havé
  • zanter 2018: Francisca Rocha

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Loi du 13 juillet 2007 portant création du Nordstad-Lycée. legilux.public.lu (13.07.2007). Gekuckt de(n) 28.11.2022.
  2. Plans des bâtiments. NOSL. nosl.lu Gearchiveerd op 2022-11-28. Gekuckt de(n) 28.11.2022.