Nothomb

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Uertschaft Nothomb (Noutem). Fir Leit mat deem Familljennumm, kuckt w.e.g. Nothomb (Homonymie).
Nothomb
lb: Noutem
Land Flag of Belgium (civil).svg Belsch
Regioun Flag of Wallonia.svg Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Flag of the Province of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Arrondissement Arel
Gemeng Wopen Atert.svg Atert
Telefonszon 063
Postcode 6717
Koordinaten 49° 46' 18" N
05° 47' 16" O

Nothomb, op Lëtzebuergesch Noutem, ass eng belsch Uertschaft am Arelerland an der Provënz Lëtzebuerg.

D'Uertschaft läit op enger Héicht vu ronn 330 m, am Dall vun der Noutemerbaach.

Bis zur belscher Gemengereform vun 1977 war Noutem eng eegestänneg Gemeng.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Geschicht

[änneren] D'Gemeng

Ënner dem franséische Regime hat Noutem mat Atert fusionnéiert.

1839 gouf Noutem bei Lëtzebuerg geprafft, gëtt awer 1843 nees Belsch.

1923 hunn Noutem a Parette sech vun Attert lassgesot, a bis 1977 eng eegestänneg Gemeng forméiert.

[änneren] D'Par

D'Par vun Noutem gouf 1808 frësch ageriicht, an huet deemols zum Bistum Metz gehéiert. 1823 koum d'Par - am Kader vum Grand-Duché - an de Bistum Namur.

D'Kierch Exaltation de la Ste-Croix ass déi drëtt Kierch zu Noutem. Vun der éischter ass bekannt datt se 1829 frësch opgeriicht gouf, duerno gouf op enger aner Plaz tëscht 1906 an 1907 vun der Gemeng eng nei Kierch gebaut. (Arrêté royal vum 31.7.1905). Déi haiteg Kierch ass vun 1971 a gouf op enger Plaz nieft där vu virdrun opgeriicht.


D'Kierch vun Noutem

[änneren] Um Spaweck

Commons: Nothomb – Biller, Videoen oder Audiodateien
Wopen Atert.svg Uertschaften an der Gemeng Atert Wopen Atert.svg

Sektiounen: AtertDiddebuergGehaanselchertNoutemTontel
Uertschaften a Lieu-diten: Almeroth · Corne du Bois des Pendus · Faascht · Grendel · Heeschtert · Leschert · Luxeroth · Metzert · Parrt · Pass · Roudenhaff · Schuedeck · Schakeler

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen