Novell

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Novelle)


Eng Novell (v. lat.: novus - nei; ital.: novella - klengt Evenement) ass eng kuerz Erzielung a Prosaform. De Begrëff (diminuiséiert Form) weist op eng Neiegkeet hin

Am Géigesaz zum Roman befaasst sech eng Novell net mat engem ëmfassenden Zäit- oder Liewensbild, mä mat engem Ausschnëtt, dee sech zu engem Tournant zouspëtzt. Dem Johann Wolfgang vu Goethe no, ass de Géigestand vun der Erzielung, "en onerhéiert Evenement dat geschitt ass", d. h. en Evenement, dat e gewëssen Usproch op Wourecht an Originalitéit z'erhiewe schéngt. Typesch fir Novellen ass weider, datt et just een Handlungsstrank gëtt, dee sech ëm een eenzege Konflikt (Kris, Héichpunkt) dréint. Ausserdeem ass charakteristesch fir d'Novell eng Verflechtung vu Virfall a Mënsch, déi doduerch Ablécker an d'mënschlech Natur bréngt. D'Novell kann als baussenzegt Zeeche vum Kärpunkt en Déngenssymbol (Falk - Falkennovell, Juddebich) als Leitmotiv enthalen. Wéinst hirer relativ kuerzer Längt ginn Novellen dacks a Sammlunge publizéiert.

Als Grënner vun der Novellentraditioun gëllt den Italieener Giovanni Boccaccio mat sengem Decamerone (Wierk vun zéng Deeg).

Bekannt Verfaasser vun Novellen an der däitscher Literatur sinn z. B. den Heinrich von Kleist, den C.F. Meyer, den Eduard Mörike, den Theodor Storm, de Gottfried Keller, den Thomas Mann an hautdesdaags och den Hartmut Lange.