Noyon
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|||||
|---|---|---|---|---|---|
| Land | |||||
| Regioun | |||||
| Departement | |||||
| Arrondissement | Compiègne | ||||
| Kanton | Noyon | ||||
| Code Insee | 60471 | ||||
| Postcode | 60400 | ||||
| Koordinaten | 49° 34' 54" N 02° 59' 59" O |
||||
| Fläch Uertschaft | 1.800 ha | ||||
| Bevëlkerung Uertschaft | 14.240 (2007) | ||||
Noyon ass eng franséisch Gemeng am Departement Oise, an der Regioun Picardie.
Noyon läit am Dall vun der Oise, um Säitekanal vun der Oise an um Canal du Nord.
Inhaltsverzeechnes |
Geschicht [änneren]
Noyon war schonn zu der Zäit vun de Gallier bewunnt. Et war eng staark befestegt Stad, sou datt 531 de Bëschof Medardus säi Sëtz vu Vermand dohinner verluecht huet.
Zu Noyon goufen 768 de Karel de Groussen, an den 19. August 987 de Kapetinger Hugues Capet zum Kinnek vun de Franke gewielt.
Den 13. August 1516 gouf do en Traité tëscht dem François Ier an dem Karel V. ënnerschriwwen, an deem Frankräich Mailand zougesprach krut, mee Neapel huet missen opginn.
Am Éischten an am Zweete Weltkrich huet Noyon staark ënnert der däitscher Besatzung ze leide gehat.
Kuckeswäertes [änneren]
- D'Kathedral am spéitromanesche Stil
- d'Bistumsbibliothéik
Bekannt Leit [änneren]
- Jean Calvin, deen do gebuer ass.
Kuckt och [änneren]
- Departement Oise
- Arrondissementer am Departement Oise
- Kantonen am Departement Oise
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Oise
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Noyon – Biller, Videoen oder Audiodateien |