Nu Metal

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Nu Metal ass e Musekgenre, dee sech an de spéiden 1990er Joren aus dem Genre Metal erausentwéckelt huet. Den Numm Nu Metal staamt vun New Metal, wat souvill heescht ewéi Neie Metal.

Déi haut wuel bekanntesten Nu-Metal Gruppe si Linkin Park an d'Deftones.

Stil [änneren]

De Musekstil läit tëschent Metal an Alternative. D'Gittar(en) an de Gesank stinn däitlech am Vierdergrond. Allerdéngs hunn d'Gittaren an de Bass eng mei rhythmesch wéi melodesch Roll. Duerch déi séier, haart an einfach Riffs si Soloen nëmmen nach eng Seltenheet. Et gëtt och manner mat Effekter wéi Verzerrung, Compressor oder Wah-Wah geschafft, d'Gittaren an zumools de Bass sinn dacks "clean". D'Batterie ass meeschtens och ganz einfach rhythmesch a grooveg gestalt.

Eng typesch Nu-Metal-Besetzung wier: E-Gittar, E-Bass, Batterie, Gesank, Hannergrondgesank, Keyboard. Dacks sinn och nach en MC an en DJ oder Turntabler vertrueden.

E puer bekannt Gruppen [änneren]