Nuechtbann

Vu Wikipedia
Nuechtbann
De Weier Mierkaulen um Nuechtbann am Fréijoer 2008
An anere Sproochen de: Nachtbann
Land Lëtzebuerg
Kanton Capellen
Gemeng Käerjeng
Buergermeeschter Michel Wolter (CSV)
Koordinaten 49° 35’ 30’’ N
      05° 53’ 45’’ O


Nuechtbann ass e Lieu-dit a fréier Uertschaft an der Gemeng Käerjeng, déi just aus engem Haff bestanen huet.

Se läit op enger Héicht vun 352 Meter ëstlech vu Kënzeg. Haut kann een nach just d'Reschter vum Haff gesinn, déi praktesch dem Buedem gläich sinn, an eng Déift wou fréier e Weier war. Op alen topographesche Kaarten ass d'Plaz als Ancienne tourbière agezeechent, soudatt ee kann unhuelen dat de Weier d'Resultat vun enger fréierer Torfexploitatioun ass.

D'Fläch sou wéi ee se haut nach um Terrain nomoosse kann, war ongeféier 1,38 ha.