Nuetshimmel

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Nuetshimmel
Universum – C. Flammarion, Holzschnëtt, Paräis 1888, Faarf: Heikenwaelder Hugo, 1998

Als Nuetshimmel gëtt den donkelen Himmel an der déiwer Dämmerung respektiv an der Nuecht bezeechent. An der Astronomie versteet een dorënner virun allem de stärekloren Himmel, d.h. den Himmel bei wéinegen oder guer kenge Wolleken.

Zäitlech agegrenzt gëtt de Begrëff duerch den Zäitraum tëschent der astronomescher Owes- a Mueresstonn, d.h. wann d'Sonn méi wéi 12° ënnert dem mathemateschen Horizont vun der betreffender Plaz steet. Bei dësem Déiftewénkel a bei renger Loft ass de Landschafts-Horizont bal net méi z'erkennen, awer eng grouss Zuel vu Stären. Komplett däischter ass et awer eréischt, wann d'Sonn méi wéi 18° ënnert dem Horizont steet (Enn vun der astronomescher Owenddämmerung).

Den Iwwergang vun der Hellegkeet vum Dag zu der Däischtert vun der Nuecht heescht Dämmerung a gëtt vun der Sonneliichtstreeung an der Äerdatmosphär verursaacht. Si dauert a Mëtteleuropa, jee no Joreszäit, tëschent 1 an 1½ Stonn a gëtt wëssenschaftlech 3-fach ënnerdeelt:

- Biergerlech Dämmerung (Liesen am Fräie méiglech, tëschent Sonnenënnergang a 6° Déiftewénkel vun der Sonn)

- Nautesch Dämmerung (Horizont an hellste Stären sinn ze gesinn, Faarwe sinn nach deelweis z'erkennen; Déiftewénkel vun der Sonn 6-12°)

- Astronomesch Dämmerung (Iwwergang zu der kompletter Däischtert, Déiftewénkel vun der Sonn 12-18°).

Dat mënschlecht A kann Hellegkeetsënnerscheeder vun 1:100 Milliard upassen, woufir et awer ongeféier 1 Minutt (donkel => hell) resp. 15 Minutten (hell => donkel) brauch. De leschtgenannten Iwwergang geet an der Jugendzäit méi séier vir sech wéi am Alter, dofir ginn eeler Automobilisten owes méi séier geblennt wéi jonk Autofuerer. Déi lescht Etapp vun der Hell-Donkel-Adaptatioun gi schonns duerch eng minimal Beliichtung (besonnesch duerch blot Liicht) gestéiert, woufir d'Astronomen fir d'Observatioun vu Stärekaarten nëmmen e schwaacht rout Liicht gebrauchen.

Den Nuetshimmel ass och bei guddem Wieder ni ganz schwaarz - ofgesivun e puer Fäll an der Raumfahrt. Ophellend wierken, niewent dem Äerdmound an de Wolleken, ë.a. Stëbsdeelercher an der Loft - besonnesch iwwer gréissere Stied – an déi sougenannte Liichtverschmotzung duerch no uewe geriichte Stroosseluuchten resp. Spotten (z.B. Disco-Straler).

Aner Ophellungen hunn astronomesch Ursaachen. Zu deene gehéieren (no der Gréisst vum Effekt):

D'Ophellunge vum terrestreschen Nuetshimmel bewierken, datt och mat de gréisste Spigelteleskopen keng Stäre méi schwaach wéi 23m observéiert kënne ginn. Dës Grenz, déi e puer Käerzestäerkten op Mounddistanz ausmécht, kann nëmmen duerch Weltraumteleskope iwwerschratt ginn.

Stärefotoen: Mat liichtstaarke Fotoobjektiven an héichemfindleche Filmer oder Digitalkamerae kann een op Plazen an de Bierger bis zu e puer Stonne beliichten, ier d'Ophellungen als „Groschleier“ wierksam ginn an déi schwaach Stäre vum Bildhannergrond iwwerstraalt ginn. Um Rand vun enger Groussstad verklengert sech dës maximal Beliichtungszäit op e puer Minutten.

[änneren] Kuckt och

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen