Nuetsreflekter vu Maarnech

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Reflektermast zu Maarnech

Den Nuetsreflekter vu Maarnech gouf 1976 opgeriicht fir d'Leeschtung vum Nuetssender méi grouss ze maachen.

Et ass een Tuerm dee fräisteet, mat engem dräieckege Quierschnëtt am stole Fachwierkbau.

En ass 65 Meter héich, a steet eigentlech net zu Maarnech, mä um Terrain vun der Gemeng Parc Housen, an der Lehmkaul zu Duerscht op enger Héicht vu 530 Meter, net wäit ewech vum Schwaarzenhiwel (esou op der topographescher Kaart agedroen), eng vun den héchste Plazen zu Lëtzebuerg (535 m).

Radios- an Televisiounssenderen zu Lëtzebuerg

Sender vu Beidler - Sender vun Diddeleng - Sender vun Housen - Sender vu Jonglënster - Nuetsantenn vu Maarnech - Nuetsreflekter vu Maarnech - Dagsender vu Maarnech