Nukleotid

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Chem template.svg Dëse Chimiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

En Nukleotid ass e Moleküll dat aus engem Zockermoleküll déi mat enger Nukleinbas an engem oder méi Phosphatgrupp verbonnen ass, besteet. Eng Nukleinbas ass eng steckstoffhalteg aromatesch mono- oder polyzyklesch Moleküll. Nukleotide sinn d'Grondbausteng vun den Nukleinsaiere, verschiddener kënnen awer och als Koenzym funktionéieren.

Als Nukleosid bezeechent een en Nukleotid ouni Phosphatgrupp(en), also just en Zockermoleküll an eng Nukleinbas.

Wichteg Nukleotiden:

  • Nukleotiden déi d'RNS opbauen, den Zocker ass Ribos (a Klameren den Numm vun der Nukleinbas):
    • Adenosinmonophosphat (Adenin)
    • Guanosinmonophosphat (Guanidin)
    • Cytidinmonophosphat (Cytosin)
    • Uridinmonophosphat (Uracil)
  • Nukleotiden déi d'DNS opbauen, den Zocker ass Desoxyribos (a Klameren den Numm vun der Nukleinbas):
    • Desoxyadenosinmonophosphat (Adenin)
    • Desoxyguanosinmonophosphat (Guanidin)
    • Desoxycytidinmonophosphat (Cytosin)
    • Desoxythymidinmonophosphat (Thymidin)
  • koenzymatesch Nukleotiden:
Commons: Nucleotides – Biller, Videoen oder Audiodateien