Nur Ed-Din Al Betrugi

Vu Wikipedia
Nur Ed-Din Al Betrugi
Gebuer onbekannt
Pedroche
Gestuerwen 1204
Aktivitéit Astronom, Astrolog, Schrëftsteller, Kosmolog

Den Nur Ed-Din Al Betrugi (Nur al-Din Ibn Ishaq Al-Bitruji, Abu Ishâk ibn al-Bitrogi, al Bidrudschi; laténgiséiert: Alpetragius ), gestuerwen ëm 1204 war en arabeschen Astronom a Philosoph.

Hie war am Marokko gebuer, a war e Léierjong vum Ibn Tufail. Hien ass vun do op Sevilla gaangen a war en Zäitgenosse vum Averroës.

Hien huet Theorie vun de Planéitebeweegunge verbessert a wollt dobäi d'Epizykeltheorie ewechloossen. Dat war eng Modifikatioun vum Planéitebeweegungsystem, déi seng Virgänger Ibn Bajjah an Ibn Tufail opgestallt haten. Seng Beméiungen, de Planéitemodell vum Claudius Ptolemäus z'ersetzen, ware wéinst sengen onprezisen numeresche Viraussoe vu Planéitepositiounen ëmsoss.

De Moundkrater Alpetragius ass no him benannt.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Kitab-al-Hay’ah (Arabesch: كتاب الحياة), iwwersat op Hebräesch an op Latäin, 1531 gedréckt zu Wien

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Krafft: Die bedeutendsten Astronomen (marix wissen) Wiesbaden: Marix Verlag 2007

Portal Astronomie