OCA-DLR Asteroid Survey
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
ODAS (Ofkierzung fir OCA-DLR Asteroid Survey, woubäi OCA fir Observatoire de la Côte d'Azur an DLR fir Deutsches Zentrum für Luft- und Raumfaart steet) ass d'Bezeechnung fir en Asteroide-Sichprogramm, dat vun 1996 bis 1999 vum Observatoire de la Côte d'Azur a Kooperatioun mat dem Institut fir Planéitefuerschung vum DLR bedriwwe gouf. Mat Hëllef vun engem nërdlech vun Nice stationéierten 90-cm-Schmidt-Teleskop goufen iwwer 2.000 Asteroiden (dorënneer och fënnef äerdno Objete) an ee Koméit entdeckt.
Nodeem d'ODAS-Himmelsiwwerwaachung opgrond vu finanzielle Schwieregkeete huet missen agestellt ginn, goufen d'Fuerschunge mat UDAS (vun 1999 un) an ADAS (vun 2001 un) weidergefouert.
Kuckt och [änneren]
- Near Earth Asteroid Tracking (NEAT)
- Lowell Observatory Near Earth Object Survey (LONEOS)
- Lincoln Near Earth Asteroid Research (LINEAR)