OLEFA

Vu Wikipedia

OLEFA[1] ass e Content Management System, deen zu Lëtzebuerg entwéckelt gouf a gréisstendeels a Schoulen agesat gëtt. Mat OLEFA kënne Schoulen hir Internetsäit selwer ariichten a verwalten, Schüler kënnen zesummen Texter schreiwen an online setzen, a Schoulbibliothéike kënnen och online verwalt ginn. Donieft gëtt et och den AFELO, mat deem ee Biller kompriméieren an op d'Säite luede kann.

OLEFA an d'OLEFA-Educatiounskonzept goufen an de Joren 2000 an 2001 vum Jos Kirps entwéckelt. Vun 2001 bis 2002 gouf OLEFA vu Ka Communications vermaart, zanter Enn 2002 vermaart d'Firma EducDesign de Programm. An den 2000er Joren ass OLEFA déi populäerst Plattform an de Lëtzebuerger Primärschoule ginn. De Jos Kirps huet EducDesign 2008 verlooss a schafft elo net méi un OLEFA weider.

Am Ament benotzen iwwer 10.000 Schüler aus 36 Gemengen de Programm an hu sou méi wéi 60.000 Säite publizéiert. Landeswäit ginn iwwer 160.000 Bicher mam Bibliothéiksmodul vun OLEFA verwalt.

Zënter 2009 schafft de Jos Kirps um oli.lu, enger gratis Nofolgeplattform vun OLEFA déi d'Konzept weiderféiert, an déi ënner dem Numm Morzino och fir den internationale Public disponibel ass. Den oli.lu ass am November 2011 online gaangen, bis haut hu sech ronn 11.500 Leit ugemellt. Am September 2016 gouf den oli.education.lu als nei Plattform fir d'Grondschoul vum Educatiounsministère virgestallt a ka sou vu ronn 50.000 Schüler an Enseignante via IAM Login benotzt ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Notten[Quelltext änneren]

  1. Den Numm OLEFA ass kee Kierzel, den Auteur Jos Kirps huet e vun engem Filmediteur vun der Mark OLFA ofgeleet, dee virun him um Schreifdësch louch, wéi hie Mëtt der 1990er no engem Numm fir d'Benotzerschnëttstell vun engem anere Software Projet (CIOS) gesicht huet. Cf. http://olefa.kirps.com/web/main/alpha_beta/