OTS 44

Vu Wikipedia
OTS 44
Kënschtlerescht Bild vum OTS 44
Numm OTS 44
Stärebild: Chamaeleon (Cha)
Daten
Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 11h 10m 11,5s
Deklinatioun − 76° 32' 13"
visuell Magnitude ? mag
Spektralklass: M9,5
Astrometrie
Radialvitess: ? km/s
Distanz 554 Lj
Liichtkraaft 0.0013–0.0024
Physikalesch Eegenschaften
Mass: 0.011
Uewerflächentemperatur 1700-2300
Aner Bezeechnungen

Den OTS 44 ass en Objet mat planetarer Mass oder Brongen Zwerg am Stärebild Chamaeleon. Hie läit op enger Distanz vu ronn 550 Liichtjoer (170 pc) vun eis ewech. Hien huet eng Mass tëscht 5 a 17 Jupitermassen, mat engem méigleche Wäert vu ronn 11,5 Jupitermassen oder 1,1% vun der Sonnemass. Et ass domat ee vun de massenäermsten net gravitativ un ee gréissere Kierper gebonnene substellaren Objet, déi bekannt sinn (Stand November 2014). Seng Mass läit net sécher ënner der ënneschter Grenzmass fir Brong Zwergen (13 Jupitermassen). 2004 gouf hie mat enger Mass vu 15 Jupitermassen als klengste bekannte Brongen Zwerg beschriwwen, dee vun enger protoplanetarescher Scheif ëmginn ass.

De Radius ass net genee bekannt, gëtt awer op ongeféier 23–57% vum Sonneradius geschat.

Den Objet gouf 1998/99 vun Oasa, Tamura a Sugitani entdeckt, deenen hir Ufanksbuschstawen O, T an S en Deel vu sengem Numm goufen. Observatioune mat Hëllef vum Spitzer-Weltraumteleskop am mëttleren Infrarout deiten op Stëbs an der Ëmgéigend vum OTS 44 hin. D'Entdeckung vum OTS 44 mam Herschel-Weltraumteleskop am wäiten Infrarout weisen, datt den OTS 44 vun enger Scheif mat op d'mannst 10 Äerdmassen ëmginn ass. Observatioune mam SINFONI-Spektrograph vum Very Large Telescope weisen, datt den OTS 44 Matière aus der Scheif op sech zitt, an zwar mat enger Quot vun 10−11 Sonnemasse pro Joer. Souwuel d'Bildung vu Scheiwe wéi och aktiv Massenakkretioun si Prozesser, déi ee bei jonke Stäre fënnt. Dës Entdeckungen deiten drop hin, datt den OTS 44 änlech entstanen ass wéi e Stär. Et ass unzehuelen, datt an der Scheif ëm den OTS 44 massenaarm Planéiten entstoe kéinten an den OTS 44 e Mini-Planéitesystem duerstellt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]