Obligatioun
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Definitioun
Eng Obligatioun, vum latengeschen "obligare"(verpflichten) ofgeleet, ass e Wäertpabeier oder en Titter, deen eng Créance, also eng Schold op eng Gesellschaft ausdréckt. Si gëtt dem Besëtzer d'Recht op Zënsen an op d'Zréckbezuele vum abezueltenem Kapital oder Prêt. Hien huet awer am Ënnerscheed zum Aktionär kee Recht op de Bénéfice an d'Gestioun vun der Gesellschaft. Een aneren Ënnerscheed zu enger Aktie ass, datt ee Staat, eng Stad oder eng ëffentlech Institutioun däerf Obligatiounen awer keng Aktien erausginn. Obligatioune gi gezeechent bei der Emissioun vun engem ëffentlechen Emprunt oder spéider ofkaaft vun deem dee se dee Moment hält - bei den ëffentlech gehandelten Obligatioune kann dat och iwwer d'Bourse geschéien, wann den Emprunt do kotéiert gëtt. Si sinn nach ëmmer dat bedeitendst Investititiounsprodukt. Hire Gesamtmontant iwwertrëfft, weltwäit, bei wäitem d' Kapitalisatioun vun allen Aktien, Optiounen, Wäertmetaller asw. De Maartwäert, oder de Cours, variéiert engersäits vun hirem Charakter (Zënssaz, Lafzäit an der Qualitéit vum Scholdner) an anersäits vum aktuelle Maartzënssaz.
Mat Ausnam vun der klassescher Obligatioun mat fixem Zëns (engl."Straight Bond") sind déi aner dräi Charakteristiken als variabel fir d'Berechnung vum Wäert ze betruechten:
- D'Lafzäit kann ënnerscheedlech sinn, am Fall wou e virzäitlecht Zréckbezuele méiglech ass
- D'Qualitéit vum Débiteur oder sengem Garant ännert jee no senger Geschäfts-a Finanzsituatioun.
- D'Ännerunge vun de Maartzënse beaflossen de Cours vun allen Obligatiounen.
All d'Charakeristiken vun enger Obligatioun musse bei der Emissioun an engem Emissiounsprospekt genau beschriwwe sin.
[änneren] Haaptcharakteristiken
[änneren] D'Emissioun
D’Emissioun ass d’Operatioun, mat där den Emetteur (eng Sociétéit, e Land, e Staat …) Appell un Uleeër mécht fir Geld geléint ze kréien an als Géigeleeschtung gëtt en Obligatiounspabeieren eraus. Tëschenhändler sinn meeschtens Banken. Si kafen Obligatioune fir se dann un hir Clienen ze verkafen. D’Emissioune sinn streng reglementéiert durch eng staatlech Autoritéit, déi am Fall vu Lëtzebueg d’CSSF ass. Si muss hiren Accord fir d’Publikatioun vum Emissionsprospekt ginn. Doranner stinn all Detailer iwwer déi verschidde Partikularitéite vum Emprunt wéi beispillsweis den Emissiounspräis,den Zëns, d’Laafzäit, d’Remboursementkonditioune , d’finanziell Lag vum Emetteur a vum Garant a.s.w..
D’Obligatioun, gëtt während der Souscriptiounszäit, zum Emissiounspräis gezeechent. De Präis gëtt ëmmer par Rapport zum Nominalwäert, deen op dem Pabeier steet, gerechent, an ass a Prozent ausgedréckt.
Bei engem Emissiounspräis vun 100% seet een den Emprunt kënnt "zu pari" eraus. Sou beziilt ee fir eng Obligatioun vun 1.000 EUR och 1.000 EUR. Ass de Präis iwwer 100% da schwätzt ee vun engem Emprunt mat enger Prim. Bei engem Präis vun 100,50% muss een dann 1.005 EUR fir den Nominalwäert vun 1.000 EUR bezuelen. Well de Remboursement (Zréckbezuelen) normalerweis zu 100% gemaacht gëtt, geet d’Differenz vu 5 EUR verluer. Sou ass den Emissiouns- oder Kaafpräis wichteg fir d’Berechnung vum Rendement (Erdrag) vum Investissement. Et sief nach gesot, datt de Präis och ënner pari ka sinn, mat engem Discount, da kritt een déi Negativprim méi eraus beim Remboursement.
[änneren] Den Zënssatz
Wann den Zënssaz (taux) deeselwechte vum Emissiounsdatum bis zum Remboursement (Zréckbezuelen) bleift, schwätzt ee vun enger klassescher, festverzënslecher Obligatioun oder straight bond. Hie gëtt fixéiert bei der Emissioun vum Pabeier. D'Bezuele vun den Zënsen ass normalerweis all Joer op demselwechten Datum, an de Bedrag gëtt gerechent op den Nominalwäert, deen op dem Titre steet. Bei all fällegen Datum gëtt dann ee Coupon vum Titre geschnidde fir anzekasséieren.
Wa kee festen Taux bei der Emissioun fixéiert gëtt, ass et eng Obligatioun mat variabelem Zëns oder op Englesch Floater. Den Zëns gëtt e puer Deeg virun all Couponstermäin, deen normalerweis all dräi Méint verfällt, nei festgeluecht. D’Basis fir d’Berechnung vum Taux ass de Maartzënssaz vun enger grousser Finanzplaz, dat an der Regel London ass. Dee Referenztaux ass an deem Fall de LIBOR (London Interbank Offered Rate). De gerechenten Zëns läit ëppes iwwer dem LIBOR. Den Ënnerscheed, deen och "Spread" am Finanzjargon genannt gëtt, ass méi oder wéineger grouss, relativ zu der Qualitéit vum Emetteur (Scholdner), vum Floater. Well den Taux regelméisseg un de Maart ugepasst gëtt, ginn et keng grouss Variatiounen am Cours vun engem Floater.
Et gëtt iwwregens och Obligatiounen, déi keng Zënsen ausbezuelen. D'onverzënsten Obligatioun ass am allgemenge bekannt ënner der Denominatioun "Zero Bond". Den Erdrag ass hei den Ënnerscheed tëscht dem Emissiouns- an dem Remboursementspräis.
[änneren] D' Laafzäit.
D'Laafzäit ass d'Period vum éischten Dag wou d'Zënsen ulafen bis den Datum wou d'Kapital zeréckbezuelt gëtt.
Si gëtt bei der Emissioun vum Emetteur festgeluecht a gëtt an 3 Kategoriën aklasséiert :
- Déi kuerzfristech bis 4 Jor.
- Déi mëttelfristech 4 bis 8 Jor
- Déi laangfristech iwwer 8 Jor, ginn och alt mol „Renten“ genannt.
Meeschtens kann se nach ewell variabel sinn, well den Emetteur sech d'Recht virbehält zu gewëssenen Datumen virzeitlech zeréck ze bezuelen.
Tëschent der Reschtlaafzäit an dem Maartpräis besteet e kausalen Zesummenhank. Ouni Afloss vun aneren Ëmstänn, a wat den Dag vum Remboursement méi no kënnt, tendéiert de Wäert vun der Obligatioun a Richtung vum Remboursementpräis: ass de Präis virun dem Remboursementdatum méi héich geet e lues a lues erof, ass hie méi déif geet en erop.
D’Längt vun der Reschtlaafzäit huet och bei enger Ännerung vum Maartzënsnivo e groussen Afloss op de Wäert. Wat d’Zäit méi laang ass an d’Dimensioun vun der Zënsvariatioun méi bedeitend ass, wat den Obligatiounswäert méi staark ännert. Geet den Zënsnivo erof, geet de Wäert erop, an ëmgderéint, geet en erop geet de Wäert erof.
[änneren] De Remboursement.
Bei en etlechen Obligatiounen gëtt den Emissionsbetrag net komplett um Enn vun der Laafzäit zeréckbezuelt. Je nodeem ët am Emissiounsprospekt beschriwwen ass, gëtt de Betrag no verschiddene Modalitéiten an e puer Mol rembourséiert, beispillsweis duerch :
• Verlousungen (fr: tirages) : Dobei gëtt een Deel vum Emissiounsbetrag ënner de Besëtzer ausgeloust. Déi Pabéieren ginn dann op engen bestëmmten Datum virzeitlech zeréckbezuelt.
• Deelremboursement : D’Kapital gëtt an Tranchen zeréckbezuelt wéi zum Beispill : 20% nom éischten 20% nom zwetten Joer a.s.w.
E virzäiteche Remboursement vum Gesamtkapital kann no de Konditioune vum Prospekt op gewëssenen Datumer gemaach ginn. Den Emetteur muss dat awer virdrun bannen enger fixéierter Period bekannt maachen. D’Wahrscheinlechkeet, datt hien dat mécht, ass grouss am Fall wou d’Zënsen um Kapitalmaart méi niddereg sinn, wéi d’Zënsen, déi hien de Besëtzer vun den Obligatioune bezuele muss. Hie kann och bei Ännerunge vun der Fiskalitéit am Land, déi ausschlaggebend ass fir d’Emissioun, virzeitlech rembourséieren.
Divers Emissiounen erlaben och dem Besëzter e Remboursement zu engem gewëssene Präis virun der Ënnechéance unzefroen. Dëst muss an, am Prospekt festgeluechtene, Friste geschéien.
Verlängerbar Obligatioune ginn dem eenzelene Besëtzer d’Méiglechkeet, virum Datum vum normalen Remboursement, eng Verlängerung vun der Laafzäit vu sengen Pabeieren ze froen.
De genaue Remboursementpräis ass ebenfalls genau am Emissiounsprospekt festgeluecht. Sou ass normalerweis de Präis vum Remboursement, 100% vum agesatene Kapital. Bei engem fréizäiteche Remboursement ass en an der Regel eppes iwwer 100%.
[änneren] Qualitéit oder Kreditwierdegkeet vum Débiteur
Ënner Kreditwierdegkeet oder Solvabilitéit versteet en d’Fäegkeet vum Débiteur fir dat geléinte Kapital an d’Zënse op den am Emissiounsprospekt fixéierten Datumen ze bezuelen. Fir déi ze préiwe maache spezialiséiert Finanzinstituter, « Credit Rating » Agenturen, Analyse vu sengem Bilan an anere Facteure, wéi d’Qualitéit vum Management, vun den Ofsazmäert, vu senger Maartpositioun, der Qualitéit , der Entwécklung, der Diversitéit vu senge Produkten an der Innovatiounsfäegkeet vun der Entreprise. Déi bekanntst Agenture sinn « Standard & Poor », « Moody’s » a « Fitch » an den USA. D’Resultat vun dësen Analyse ginn mat engem Rating notéiert. De Ratingklassement geet an der Regel vun „AAA“ ( déi bescht Qualitéit ) bis „D“ ( insolvabel ).
Dëtt Klassement bestëmmt d’Héicht vun den Zënsen wann den Débiteur en Emprunt erausgëtt. Wat seng Qualitéit manner ass, wat hie méi héich Zënse muss bezuele fir de Risiko vum Investisseur ze entschädigen. Déi betreffend Obligatioune ginn am Fachjargon „ High Yield“ oder „Junk Bonds“ genannt.
[änneren] Quellesteier op den Zënsen
Déi, um Datum vum Coupon, ufalend Zënsen, souwéi d’lafend Zënse beim Verkaf vun Obligatioune sinn zu Lëtzebuerg, séit dem 1.Januar 2006, enger Quellesteier vun 10% ënnerworf. Si gëtt direkt vun de Banken ofgehale beim Bezuele vum Coupon, respektiv beim Verkaf.
Eng Ausnam maachen d’Obligatiounen, déi virum 1.Mäerz 2001 erauskomm sinn. Si ënnerleien der „clause de grand-père“, a si vun der Quellesteier befreit.
[änneren]
- Konvertibel Obligatioun
- Obligatioun mat engem Warrant
- Indexéiert Obligatioun