Observatoire La Plata
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Observatoire La Plata, engl. La Plata Astronomical Observatory ass en Observatoire an der Stad La Plata an Argentinien.
Per Dekret vum 7. Mee 1881 gouf vum Grënner Dardo Rocha vu La Plata a Gouverneur vu Buenos Aires beschloss, en Observatoire ze bauen. De Bau ass am Joer 1883 ugefaang ginn, ee Joer nodeem de Paräisser Observatoire d'Instrumenter an Argentinien geschéckt hat, fir de Venustransit z'observéieren, deen e grousse wëssenschaftlechen Interessi hat. Déi gréissten Instrumenter sinn en 80 cm-Spigelteleskop, ee fir déi deemoleg Zäit exzellent Instrument, an en 43 cm-Refrakter, béid hiergestallt vun der Firma Gaultier.
Quellen [änneren]
- Facultad de Ciencias Astronómicas y Geofísicas, Universidad de la Plata (es)
- M. Gonzales: L'Observatoire astronomique de l'Université nationale de La Plata, Ciel et Terre, Volume 37. Bulletin of the Société Belge d'Astronomie, Brussels, 1921, p.113
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Observatoire La Plata – Biller, Videoen oder Audiodateien |