Observatoire Leiden
Den Observatoire Leiden gouf 1633 als Observatoire vun der Universitéit Leiden gebaut an ass domatt den eelsten Universitéitsobservatoire vun der Welt. An den éischte béide Joerzéngte gouf den Onservatoire virun allem fir Ausbildungszwecker agesat. 1861 gouf en neien a méi groussen Observatoire ënnert der Leedung vum Frederik Kaiser gebaut, haut bekannt ënnert der Bezeechnung Oude Sterrewacht.
Den Observatoire Leiden hat vill Direktere vu Weltruff, z. B. Frederik Kaiser, Willem de Sitter, Ejnar Hertzsprung a Jan Hendrik Oort.
Weider berühmt Astronomen am Observatoire Leiden waren Hendrik Antoon Lorentz, Jacobus C. Kapteyn an Hendrik Christoffel van de Hulst.
Am Joer 1974 ass den Observatoire an den Huygens-Laboratoire geplënnert, an viru kuerzem an dat neit J.-H.-Oort-Gebai. Den Numm Observatoire Leiden (nl. Sterrewacht Leiden) ass bliwwen.
Direkter ass aktuell den Tim de Zeeuw.