Observatoire Stockholm

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den alen Observatoire vu Stockholm aus dem 18. Joerhonnert
De Musee am alen Observatiounsraum. Hie gouf gebraucht ir d'Teleskopkuppel am 19. Joerrhonnert gebaut gouf.

Den Observatoire Stockholm ass en Observatoire zu Stockholm, Schweden. Hie gouf am 18. Joerhonnert gegrënnt an ass elo en Deel vun der Fakultéit fir Astronomie vun der Universitéit Stockholm.

Den Observatoire gouf duerch déi Kinneklech Schwedesch Akademie vun de Wëssenschaften duerch Initiativ vun hirem Sekretär Per Elvius dee Jéngste (17101749) opgeriicht. Si gouf gebaut no de Pläng vum Architekt Carl Hårleman tëscht 1748 an 1756. Den éischten Direkter war de Pehr Wilhelm Wargentin, gefollegt ë. a. vum Hugo Gyldén an dem Bertil Lindblad.

1929 gouf mat dem Bau vun engem neien Observatoire um Karlsbaderberget zu Saltsjöbaden ugefaangen. Dësen Observatoire gouf vum Architekt Axel Anderberg entworf an am Joer 1931 fäerdeggestallt. Den alen Observatoire gëtt zanterhier als Musée benotzt.

2001 ass d'Fakultéit an dat neit opgebaute AlbaNova universitetscentrum um Stockholmer Roslagstull gezunn. Zanter 2007 ass an der Kuppel vum Gebai en neien Observatoire mat engem Ritchey-Chrétien-Spigelteleskop mat engem Duerchmiesser vun engem Meter.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]