Observatoire vu Stroossbuerg

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Observatoire Stroossbuerg)
Observatoire a Planetarium vu Stroossbuerg

Den astronomeschen Observatoire vu Stroossbuerg steet um historesche Campus vun der Universitéit Louis Pasteur zu Stroossbuerg a Frankräich. E gouf tëscht 1876 an 1880 gebaut, an den 22. September 1881 ageweit.

Den Observatoire ass e Centre de recherche et d'enseignement an deem et och e Planetarium gëtt an e Centre de données astronomiques.

Et ass den drëtten Observatoire deen am Laf vun der Zäit zu Stroossbuerg gebaut gouf. Den éischte gouf 1673 an engem Tuerm vun de Stadmaueren ageriicht, an den zweeten 1928 um Daach vum Akademiesgebai.

Den éischten Direkter war vun 1872 bis 1886 den däitschen Astronom August Winnecke. Aner bekannt Astronomen, déi am Stroossbuerger Observatoire geschafft hu waren de Julius Bauschinger, Direkter vun 1909 bis 1919, de William Lewis Elkin, den Ernest Esclangon, Direkter vun 1919 bis 1929, den André Danjon, Direkter vun 1929 bis 1945, de Pierre Lacroute, Direkter vun 1946 bis 1976, den Ernst Hartwig, den Otto Tetens, de Carl Wilhelm Wirtz an de Walter Wislicenus.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Strasbourg Observatory – Biller, Videoen oder Audiodateien


Astronomesch Observatoiren, Instituter an Installatiounen a Frankräich
Pic du Midi
Pic du Midi

Observatoiren: Bordeaux - Calern - Côte d'Azur - Haute-Provence - Juvisy-sur-Orge - Lyon - Les Makes - Marseille - Meudon - Nançay - Nice - Paräis - Pic du Midi de Bigorre - Des Pises - Sorbonne - Stroossbuerg - Midi-Pyrénées - Toulouse - Triel-sur-Seine

Centres de recherche, Laboratoiren an Instituter: Centre de recherche fir Geodynamik an Astrometrie - CLIMSO - Astrophysesche Centre de recherche vu Lyon - Astrophysescht Institut vu Paräis - Astrophysesche Laboratoire vu Grenoble - Centre de données astronomiques de Strasbourg - Versailles SQY

Aner Installatiounen: Interferometer um Plateau de Bure -Teleskop Bernard Lyot - Sonnenobservatiounstuerm vu Meudon

Kuckt och: Portal Astronomie