Observatoire de Toulouse

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Observatoire de Toulouse ass en Observatoire zu Toulouse a Frankräich. E gouf 1733 vun der Académie des Sciences, Inscriptions et Belles-Lettres de Toulouse gegrënnt an am Joer 1841 am Staddeel Jolimont nei opgeriicht. D'Ariichtung dréit nach haut d'Bezeechnung Observatoire de Jolimont, a gouf 1875 mat engem deemools groussen Teleskop, engem 83 cm-Spigelteleskop equipéiert. D'astronomesch Observatioune goufe vun 1908 un, wéinst de bessere Siichtverhältnesser, op de Pic du Midi verluecht an 1970 zu Toulouse ganz opginn. Den Observatoire ass 1981 an en neit Gebai op de Campus vun der Universitéit Paul Sabatier am Staddeel Rangueil geplënnert a gouf, mat weideren Ariichtungen, zënterhier mat dem Numm Observatoire Midi-Pyrénées gefouert.[1] D'Ariichtung zu Jolimont gëtt zënter 1984 vun der Société d'Astronomie Populaire de Toulouse gefouert.[2]

Direktere waren ënner anerem de Félix Tisserand, vun 1873 bis 1878 an de Benjamin Baillaud vun 1879 bis 1908.

Um Spaweck [änneren]

duerch Google iwwersat

Referenzen [änneren]