Observatoire vu Madrid

Vu Wikipedia
Den astronomeschen Observatoire vu Madrid

Den Observatoire vu Madrid (spuenesch Observatorio Astronómico de Madrid) ass ee vun den historesch bedeitendsten Observatoirë vu Spuenien a gouf vum Karl IV. gegrënnt. De pompéisen, klassizistesche Bau aus dem Joer 1790 huet d'Form vun engem antike ronnen Tempel. E steet an zentraler Lag vun der Haaptstad – op engem Hiwwel am Parque del Buen Retiro – ass awer doduerch zanter laangem net méi fir Observatiounen ze gebrauchen.

Den Observatoire war ë. a. 1933 nach en Netzpunkt vun der geodetescher Weltlängtebestëmmung, gouf awer bei spéidere Moosskampagnen duerch nei Statiounen ersat.

Haut ass den Observatoire e Musée an eng Bibliothék mat enger bedeitender Sammlung vun Instrumenter, déi fréier benotzt goufen, fir verschidden astronomesch a meteorologesch Miessungen ze maachen an enger Sammlung mat Prezisiounsaueren an e poléierten Bronzespigel vum W. Herschel. Ausserdeem weist e Foucault-Pendel an der Zentralgalerie déi deeglech Äerdrotatioun. Am Gebai ass de groussen Equatorialteleskop vum Grubb aus dem Joer 1912. Besonnesch Opmierksamkeet verdéngt och d'Bibliothék mat Dokumentatiounen, déi zu der eelster a gréisster Sammlung um Gebitt vun der Astronomie gehéieren.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]