Ochi-Dag

Vu Wikipedia
E Wopen, deen un den 28. OKtober 1940 erënnert zu Ioannina

Den Ochi-Dag (gr. Επέτειος του «Όχι», Dag vum Nee) ass ee vun den zwéin Nationalfeierdeeg a Griicheland a gëtt all Joer den 28. Oktober gefeiert.[1]

E geet op den 28. Oktober 1940 zeréck, wou den deemolegen Diktator vu Griicheland Ioannis Metaxas dem Benito Mussolini Nee gesot huet. De Metaxa wollt Griicheland wärend dem Zweete Weltkrich neutral halen. Den 28. Oktober 1940 hat den deemolegen italieeneschen Ambassadeur zu Athen Emanuele Grazzi dem Metaxa eng Nochriicht vum Mussolini iwwerbruecht: Griicheland soll den italieeneschen Truppen d'Erlabnes ginn, griichesche Buedem ze betrieden, soss géif Italie Griicheland ugräifen.

Dem Metaxa seng Äntwert op den Ultimatum war "Alors, c'est la guerre." Wouropshin, den Ambassadeur "Pas nécessaire, mon excellence." sot. De Metaxa huet dunn awer "Non, c'est nécessaire." geäntwert.

Sou koum et dunn, datt italieenesch Truppen, déi an Albanien stationéiert waren, a Griicheland amarschéiert sinn. Dat war den Ufank vum Griichesch-Italieenesche-Krich.

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Den aneren Dag ass de 25. Mäerz, deen un d'Befreiung vu Griicheland erënnert.