Octans
|
|
|
|---|---|
| Lëtzebuergeschen Numm | Oktant |
| Laténgeschen Numm | Octans |
| Laténgesche Genitiv | Octantis |
| Laténgesch Ofkierzung | Oct |
| Positioun | südlechen Himmel |
| Rektaszensioun | 0h bis 24h |
| Deklinatioun | -90° bis -74° 18' |
| Fläch | 291 Quadratgrad |
| Siichtbar op de Breedegraden | 5° Nord bis 90° Süd |
| Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
net ze gesinn |
| Stäre mat Gréisst < 3m |
keen |
| Hellste Stär, Gréisst |
ν Octantis, 3,76m |
| Meteorstréim | - |
| Nopeschstärebiller (vu Norden am Auerzäresënn) |
Indus Pavo Apus Chamaeleon Mensa Piscis Austrinus Tucana |
Den Octans ass dat südlechst Stärebild um Nuetshimmel.
Beschreiwung [änneren]
Den Octans ass keen imposant Stärebild. et läit an der Géigend vum südlechen Himmelspol. Am Géigesaz zum nërdleche Géigestéck, dem Klenge Bir mat dem helle Polarstär, ass an der Géigend vum Himmelssüdpol keen opfällege Stär. Deen noosten, mam bloussen A z'erkennen , ass den σ Octantis (och Polaris Australis genannt) ass e Stär vun der 5. Gréissteklass.
Geschicht [änneren]
D’Stärebild gouf am Joer 1752 vum franséischen Astronom Nicolas Louis de Lacaille agefouert. Et soll een Oktant duerstellen, een Instrument, dat vun de Séifuerer fréier fir d’Positiounsbestëmmung gebraucht gouf.
Himmelsobjeten [änneren]
Stären [änneren]
| B | F | Nimm o. aner Bezeechnungen | Gréisst | Lj | Spektralklass |
|---|---|---|---|---|---|
| ν | 3,76m | 69 | K0 III | ||
| β | 4,13m | 140 | A9 IV/V | ||
| δ | 4,31m | 279 | K2 III | ||
| θ | 4,78m | 221 | K2 III | ||
| ε | 5,09m | 268 | M6 III | ||
| γ1 | 5,10m | 267 | G7 III | ||
| α | 5,13m | 148 | F4 III | ||
| λ | 5,27m | 436 | G8/K0 III | ||
| γ2 | 5,29m | 243 | K1/K2 III | ||
| ξ | 5,32m | 444 | B6 IV | ||
| ζ | 5,43m | 157 | F0 III | ||
| ι | 5,45m | 371 | K0 III | ||
| σ | Polaris Australis | 5,45m | 270 | F0 III | |
| φ | 5,47m | 197 | A0 V | ||
| ψ | 5,49m | 125 | F3 III | ||
| τ | 5,50m | 523 | K2 III |
Den ν Octantis, den hellste Stär am Octans, ass 690 Liichtjoer vun eis ewech. Hie liicht orange an et ass e Stär mat der Spektralklass K0 III.
Den β Octantis ass 140 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech. Et handelt sech ëm ee wäisse Stär mat der Spektralklass A9 IV.
Den σ Octantis ass 270 Liichtjoer vun eis ewech. Hien huet eng Visuell Magnitude vun 5,45m.
De laténgeschen Numm „Polaris Australis“ bedeit „südleche Polarstär“.
NGC-Objeten [änneren]
| NGC | divers | Gréisst | Typ | Numm |
|---|---|---|---|---|
| 2573 | Galaxis | |||
| IC 4333 | Galaxis | |||
| IC 4864 | Galaxis | |||
| IC 4912 | Galaxis | |||
| 6438 | Galaxis | |||
| 7098 | Galaxis | |||
| Mel 227 | Oppene Stärekoup |
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Octans – Biller, Videoen oder Audiodateien |