Octavie Modert

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Octavie Modert bei der Erëffnung vum Cube 521 zu Maarnech, 19. November 2007

D'Octavie Modert, gebuer de 15. November 1966 zu Gréiwemaacher, ass eng lëtzebuergesch Politikerin.

No hirer Première am Iechternacher Lycée huet d'Octavie Modert Droit op der Université Robert Schuman vu Stroossbuerg studéiert an 1991 e Master of Arts in European Studies op der Universitéit vu Reading gemaach.

D'Octavie Modert huet kuerz fir d'Parlamentsfraktioun vun der CSV geschafft an ass 1992 an de Staatsministère gewiesselt. 1998 gouf si mat 31 Joer zur Generalsekretärin vum Regierungsrot ernannt. Parallel dozou war si d'Kabinettscheffin vum Premier Jean-Claude Juncker. Dat Joer dropp gouf si als éischt Fra Première conseillère de gouvernement genannt.

Zënter 1986 engagéiert d'Octavie Modert sech an der CSV an hiren Ënnerorganisatiounen, der CSJ an den CSF. 2004 gouf si an d'Chamber gewielt. Si war tëscht Juli 2004 an 2009 Staatssekretärin fir Landwirtschaft, Wäibau a Ländlech Entwécklung a Staatssekretärin fir Kultur, Héichschoulen a Fuerschung, an och fir d'Relatioune mam Parlament, an der Regierung Juncker-Asselborn I.

An der Regierung Juncker-Asselborn II war si vun Ufannk bis den 29. Abrëll 2013 Ministech fir Kultur, Ministesch fir d'Bezéiunge mam Parlament, Ministesch fir d'Verwaltungsreform an Delegéiert Ministesch vun der Fonction publique. Zënter dem 30. Abrëll 2013 ass si Ministesch fir Justiz a weiderhin Ministesch fir d' Fonction publique a fir d'Verwaltungsreform.[1]

Si ass ausserdeem, zënter November 2009, Vizepresidentin vun der CSV zesumme mam Claude Wiseler.

D'Octavie Modert ass bestuet mam Jemp Stronck, Wënzer zu Greiweldeng.

Um Spaweck [änneren]

Commons: Octavie Modert – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen [änneren]

  1. "Remaniement ministériel." Communiqué vun der Regierung, 27-04-2013 op gouvernement.lu.