Odin (Weltraumteleskop)

Vu Wikipedia
Odin
Typ Weltraumteleskop
Land Schweden, Finnland,
Frankräich, Kanada
Agentur SSC, Tekes, CNES, CSA
Bunnhéicht 600 km
Mass 250 kg
Start 20. Februar 2001, 08:48 UTC
Startplaz Swobodny
Drorakéit Start-I
Status aktiv

Den Odin ass e Weltraumteleskop fir astronomesch an aeronomesch Ënnersich am Radio- an am Submillimeterberäich.

De Satellit ass e Projet ënner schweedescher Leedung mat Bedeelegung vu Kanada, Frankräich a Finnland. De Satellit gouf den 20. Februar 2001 mat enger Start-I-Rakéit vu Swobodny a Sibirien aus gestart. Den Odin ass an enger sonnesynchroner Äerdëmlafbunn, déi an enger Héicht vu 600 km iwwer d'Pole vun der Äerd féiert. Ufanks war den Odin op zwee Joer Liewensdauer ausgeluecht, ass awer an der Tëschenzäit ëmmer nach a Betrib.

Den Antennenduerchmesser ass 1,1 m. Observatioune sinn am Frequenzband 486,1-503,9 GHz, plus dräi iwwerlappend Bänner vu 541,0-580,4 GHz an engem Band vun 118,25-119,25 GHz méiglech. Domat si besonnesch Ënnersich vu Waasser a Sauerstoff am interstellare Medium méiglech.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]