Odnoklassniki

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den offiziellen Odnoklassniki Logo

Odnoklassniki (Одноклассники - Matschüler) ass en online Kontaktnetzwierk, dat absëns a Russland an an anere fréiere Sowjetrepublike populär ass.

Et gouf am März 2006 vum Albert Popkow gegrënnt[1] a louch 2010 mat 45 Millioune registréierte Benotzer[2] op der zéngter Plaz vun de meeschtbesichten Internetsäiten a Russland[3].

De Projet gouf ugaangs just duerch Reklammsbannere finanzéiert. Vu Januar 2009 bis August 2010 huet awer all Neiregistréirung eng kleng Zomm kascht, zënterhier fale just nach Käschten u fir d'Notzung vu spezielle Servicer op der Säit, déi een iwwert eng Aktivéirungs-SMS bezillt[4].

2008 hunn den Albert Popkow, seng Fra Irina, Grënner an Haaptaktionären d'Majoritéit um Netzwierk un Digital Sky Technologies (Besëtzer vu Mail.ru) a Forticom verkaaft, déi elo zesummen 58% halen[5].

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

[änneren] Referenzen

  1. Iwwert de Projet
  2. Eegen Informatioune vun Odnoklassniki, Stand Februar 2010
  3. Alexa Internet
  4. Lenta.ru, 31. Oktober 2008
  5. Vedomosti, 15. September 2008
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen