Ody Roos

Vu Wikipedia
Ody Roos
Gebuer 30. Mee 1944
Mamer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Filmregisseur, Filmproduzent

Den Ody Roos, gebuer den 30. Mee 1944 zu Mamer, ass e lëtzebuergesche Filmregisseur a Filmproduzent.

Hien huet säi Secondairestudium am Kolléisch an der Stad gemaach. Do war hie Matgrënner vum Ciné-Club 65.

Den Ody Roos huet Droit studéiert, donieft huet en och um Institut des Hautes Études Cinématographiques (IDHEC) zu Paräis an der Sektioun Regie studéiert.

No Amateurkuerzfilmer huet en 1968 Fouss am Film gefaasst. Mat sengem Film Pano ne passera pas, iwwer d'Evenementer vum Mee 1968 zu Paräis, huet hie vill Luef bei de Kritiker krut.

Mat senger Filmproduktiounsfirma Filmodie huet hien eng ganz Partie Filmer a Frankräich produzéiert.

2011 huet hien de Jury vum UNICA Festival am Kapuzinertheater an der Stad presidéiert.[1]

Filmer als Regisseur[änneren | Quelltext änneren]

Filmer als Produzent[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. journal.lu, 17. August 2011