Oeillets-Revolutioun

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Oeillets-Revolution (port.: Revolução dos Cravos oder einfach 25 de Abril) gëtt eng Rebellioun vun engem groussen Deel vun der portugisescher Arméi genannt, de 25. Abrëll 1974, géint déi autoritär Diktatur vum sougenannten Estado Novo. Den Numm krut se wéinst de rouden Oeilleten, déi d'Zaldoten - am Kader vum allgemenge Volleksfest an der Freed - an d'Leef vun hire Gewierer gestach haten. D'Revolutioun war esou gutt wéi onbluddeg - et gouf véier Doudeger, wéi regimetrei Truppe vun der Geheimpolizei PIDE op onbewaffnet Demonstrante geschoss hunn. D'Oeillets-Revolutioun huet de Wee opgemaach fir déi demokratesch Drëtt Republik a Portugal.

Virgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Graffiti fir un d'Revolutioun z'erënneren.

Zënter 1926 gouf Portugal vun enger Militärjunta regéiert: fir d'éischt vum Generol Carmona, dono vun 1932 bis 1968 ënner dem Salazar a bis zum Schluss ënner em Marcelo Caetano. 1933 gouf duerch eng Verfassungännerung den Estado Novo ("Neie Staat") agefouert, an deem de parlamentatresche System ofgeschaf an duerch e paternalisteschen, kathoulesch inspiréierten, pre-moderne Ständestaat ersat gouf. Gewerkschafte goufe verbueden, d'Press zensuréiert, Oppositioneller verfollegt, an de Prisong gestach, gefoltert oder ëmbruecht. D'Bevëlkerung gouf bewosst an Aarmut an an Ongebidheet gehalen, - well d'Schoulflicht op 4 Joer reduzéiert gouf, ware vill Leit Analphabeten -, an alles, wat "modern" war, war verpönt a verbueden.

1949 gouf Portugal Grënnungsmember vun der NATO, an huet eng dezisiv antikommunistesch Haltung am Kale Krich ageholl (wat indirekt gehollef huet de Regime ze stäerken).

Am Februar 1974 huet den António de Spínola a sengem Buch Portugal e o Futuro ("Portugal an d'Zukunft") analyséiert, wéi wäit Portugal systembedingt wirtschaftlech a kulturell hannert déi aner westeuropäesch Staaten zréckgefall wier, an huet däitlech gemaach, datt d'Kolonialkricher an Angola an a Moçambique, woufir 50 % vum Staatsbudget dropgoungen an déi vill Mënscheliewe kascht hunn, militäresch net ze gewanne wieren. De Spínola huet eng „nei national Strategie“ virgestallt, an där d'Vollek um politeschen Dezisiounsprozess bedeelegt sollt ginn an d'Kolonien e Recht kriten, selwer ze bestëmmen, wat se wéilten.

Fir vill Membere vun der Arméi, déi meescht jonk Offizéier, déi am Movimento das Forças Armadas (MFA, "Beweegung vun den arméierte Kräften") organiséiert waren, war dat e Signal zum Opbroch.

Verlaf[änneren | Quelltext änneren]

De 24. Abrëll 1974 owes um 10 vir 11 gouf am Radio d'Lidd E depois do adeus ("Nom Äddi-Soen") vum Paulo de Carvalho gespillt - d'Signal fir den Opbroch fir d'Arméisunitéiten, déi sech zum MFA bekannt hunn. Als Revolutiounslidd gouf awer en anert Lidd berümt: Grândola, Vila Morena ("Grândola, [vun der Sonn] brong Stad") vum antifaschistesche Liddermécher José Afonso, an deem d'Zeil "O povo é quem mais ordena" ("Et ass d'Vollek, dat kommandéiert") virkënnt.

Knapps 18 Stonnen dono hat den MFA déi eelst Diktatur an Europa gestierzt. Si hunn d'Kommandante festgesat, an d'Ministèren, Radio- an Televisiounssenderen an de Fluchhafe besat. Ëmmer méi Truppen hu sech hinnen ugeschhloss. D'Leit stoungen zu Dausende laanscht d'Strooss, fir se ze feieren, a séier kruten d'Zaldote rout Oeilleten (d'Symbol vun der Aarbechterbeweegung), déi se sech un hir Uniform oder an de Gewierlaf gestach hunn.

De Marcelo Caetano, dee sech an enger Kasär verschanzt hat, huet sech schlussendlech bereet erkläert, dem Generol Spínola, dem fréiere Gouverneur vun der Provënz Guinea-Bissau, d'Muecht z'iwwerginn. Dat war zwar net der MFA hire Wonschkandidat, mä si hunn awer zougestëmmt, fir d'Situatioun ze berouegen.

Direkt goufen och d'Agenten an Informante vun der Geheimer Staatspolice PIDE gesicht a verhaft, an déi politesch Gefaangen, déi dacks jorelaang ouni Prozess agespaart waren, goufe fräigelooss.

An den Deeg dono si vill Leit aus dem Exil zeréckkomm, dorënner de Mário Soares (Sozialistesch Partei) an den Álvaro Cunhal (Kommunistesch Partei, PCP).

De 1. Mee 1974 - déi éischt Kéier, datt eng Éischt-Mee-Feier konnt ofgehale ginn - war zu Lissabon e risegt Volleksfest. Deselwechten Dag gouf en Amnstiegesetz erlooss, dat déi ronn 100.000 jonk Leit, déi aus der Arméi fortgelaf waren, oder sech virun der Rekrutéierung vestoppt hunn, nees an d'Legalitéit bruecht huet, éischt Schrëtt goufen an d'Weeër geluecht, fir d'Kolonialkricher op en Enn ze bréngen. D'Provënze Moçambique (Mosambik) an Angola goufen de 25. Juni resp. den 11. November 1975 onofhängeg.

Am Lissabonner Sportstadion, deen zënterhir Estádio 1º de Maio heescht, koume méi wéi 100.000 Leit zesumme fir ze feieren an de Riede vun de Gewerkschaftler Mário Soares vun de Sozialisten an Álvaro Cunhal, dem President vun der Kommunistescher Partei, nozelauschteren.

Filmer[änneren | Quelltext änneren]

  • Capitães de abril, vum Maria de Medeiros (2000)
  • Cravos de abril, vum Ricardo Costa (1999)
  • A revolução de abril no Olhar de Carlos Gil vum Ivan Dias (2010)
  • Nachtzug nach Lissabon vum Bille August (2013)
  • Les grandes ondes (à l'ouest) vum Lionel Baier (2013)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Raquel Varela: Die Arbeiterbewegung und die Rolle der Soldaten in der portugiesischen Nelkenrevolution, in: JahrBuch für Forschungen zur Geschichte der Arbeiterbewegung, Heft III/2011.
  • Klaus Steiniger: Portugal im April. Chronist der Nelkenrevolution. Verlag Wiljo Heinen, Berlin 2011. ISBN=978-3-939828-62-4
  • Dominique de Roux: Le cinquième empire, éditions Belfond, 1977. Editions du Rocher, 1997.
  • Jaime Semprun: La guerre sociale au Portugal, éditions Champ libre, 1975.
  • Charles Reeve, Claude Orsoni et al: Portugal, l’autre combat, éditions Spartacus, 1975.
  • Yves Léonard: La révolution des œillets, éditions Chandeigne, 2003.
  • Charles Reeve: Les œillets sont coupés, Paris-Méditerranée, 1999.
  • Svenja Schell: Die Ursachen und Folgen der portugiesischen Nelkenrevolution, 2007.
  • Manuel von Rahden: Militär und Parteien während der Nelkenrevolution (1974–75). In: Marko Golder, Manuel von Rahden: Studien zur Zeitgeschichte Portugals. Hamburger Ibero-Amerika Studien Bd. 10, LIT Verlag, 1998, S. 107–218.
  • Willi Baer, Karl-Heinz Dellwo: 25. April 1974 – Die Nelkenrevolution. Das Ende der Diktatur in Portugal. In: Willi Baer, Karl-Heinz Dellwo (Hrsg.): Bibliothek des Widerstands. Bd. 15, Laika-Verlag, Hamburg 2012, ISBN 978-3-942281-85-0.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Carnation Revolution – Biller, Videoen oder Audiodateien