Oeko-Foire

Vu Wikipedia
D'Affiche vun der Éditioun 2008

D'Oeko-Foire (sic) war eng Ausstellung zu Lëtzebuerg, déi e breet Spektrum vun Informatiounen, Produkter a Servicer zum Theema Ëmwelt a Gesondheet an och innovativ Projete presentéiert huet. Si gouf vun 1987 bis 2016 organiséiert a war an der Reegel am September an den Ausstellungshalen um Kierchbierg.

D'Oeko-Foire gouf vum Mouvement écologique a vum OekoZenter Lëtzebuerg organiséiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Oeko-Foire gouf 1987, am Europäeschen Ëmweltjoer ofgehalen. Si hat 30 Aussteller an eng 4000 Visiteuren. Zanterhier huet se sech virun entwéckelt, et sinn all Joer op d'mannst 13.000 Visiteuren an iwwer 170 Exposanten, déi do zesummekoumen.[1]

Fir an d'Rullen ze kommen, krut d'Oeko-Foire am Ufank e Subside vum Ëmweltministère. Se finanzéiert sech awer zanter en ettlech Joer selwer.

No där vun 2016 hunn d'Organisateuren decidéiert, 2017 keng Oeko-Foire méi z'organiséieren: ekologesch Produiten an d'Kenntnes doriwwer wieren ewell wäit doruechter verbreet, sou datt eng extra Foire net méi néideg wier.[2]

2017 gouf d'Oekofoire duerch den Oekofestival ersat, deen am Oekozenter Pafendall, an de Stroosse ronderëm an och am Park Odendahl all Joer soll organisiert ginn.[3]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. www.oeko.lu Gearchiveerd op 2008-12-31. Gekuckt de(n) 2008-09-13.
  2. oekofoire.lu, gekuckt 2017-09-13.
  3. Luxemburger Wort vum 23./24. September 2017, S.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]