Of Monsters and Men

Vu Wikipedia
Of Monsters and Men zu New York am Abrëll 2012

Of Monsters and Men ass eng islännesch Band aus Reykjavík. Hire Stil kann ee beim Folk-Rock oder Indie-Rock aklasséieren a gëtt dacks mat deem vun Arcade Fire verglach.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Band, déi 2007 gegrënnt gouf, huet 2010 dee nationale Bandconcours Músiktilraunir gewonnen, deemools nach als Quartett mat der Besetzung Nanna Bryndís Hilmarsdóttir, Ragnar Þórhallsson, Brynjar Leifsson an Arnar Rósenkranz Hilmarsson. No dem Concours sinn nach den Árni Guðjónssonund an de Kristján Páll Kristjánssonals als weider Bandmemberen derbäikomm. Bei hiren Optrëtter gi se meeschtens och nach vun der Trompettistin Ragnhildur Gunnarsdóttir ënnerstëtzt, déi awer bis elo nach net offiziell zu de Bandmembere gehéiert. Am Oktober 2011 ass d'Band beim Musekfestival Iceland Airwaves am neie Reykjavíker Concertshaus Harpa opgetrueden.

Mat dem Titel Little Talks huet sech d'Band 2011 e puer Wochen op der Plaz 1 vun den islännesche Single-Charts gehalen.[1] Hiren Debutalbum My Head Is an Animal ass am September 2011 an Island erauskomm an am Abrëll 2012 och um amerikanesche Maart verëffentlecht, wou e mat der Plaz sechs an de Billboard 200-Charts dee bis dohin héchste Rang vun enger islännescher Band oder engem islännesche Solokënschtler erreecht huet. Eng EP Into the Woods mat véier ausgesichten Titele vun hirem Album ass schonn am Dezember 2011 erauskomm.

Am Mäerz 2012 sinn Of Monsters and Men op eng éischt Nordamerika-Tournee gaangen. An Däitschland si se fir d'éischt Enn Abrëll 2012 zu Köln a Berlin opgetrueden. Am September 2012 ware se beim New Pop Festival zu Baden-Baden dobäi.

Zu Lëtzebuerg si se beim Rock-A-Field-Festival den 29. Juni 2013 opgetrueden.

Bandmemberen[änneren | Quelltext änneren]

  • Nanna Bryndís Hilmarsdóttir (Gesank, akustesch Gittar)
  • Ragnar Þórhallsson (Gesank, akustesch Gittar)
  • Brynjar Leifsson (E-Gittar)
  • Arnar Rósenkranz Hilmarsson (Batterie)
  • Árni Guðjónsson (Akkordeon, Piano)
  • Kristján Páll Kristjánsson (Bass)

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Album[änneren | Quelltext änneren]

  • 2011: My Head Is an Animal
  • 2013: Live From Vatnagarðar (Livealbum)

EP[änneren | Quelltext änneren]

  • 2011: Into the Woods

Singelen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2011: Little Talks
  • 2012: Dirty Paws
  • 2012: Mountain Sound
  • 2013: King and Lionheart

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Of Monsters and Men – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Isländische Musik – Teil 10 Zauber des Nordens, 1. Mai 2012, gekuckt de 16. August 2012