Ofzéisteen

Vu Wikipedia
Belsche Brocken

En Ofzéisteen ass eng Zort Wetzsteen dee gebraucht gëtt fir Messeren oder aner Schneidgeschier ze schäerfen.

Et gëtt Ofzéisteng aus syntheeteschem Steen oder aus Natursteen, déi no hiren Originne genannt ginn. Déi wichtegst sinn den Arakansassteen an de Belsche Brocken, déi eng typesch Kärerchesgréisst vu 6.000 bis 8.000 hunn, an op deenen naass oder op Ueleg muss ofgezu ginn.

Dacks hunn Ofzéisteng zwou verschidde Säiten, vun deenen eng méi reng ass wéi déi aner.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ofzéisteng – Biller, Videoen oder Audiodateien