Oger
|
|||||
|---|---|---|---|---|---|
| Land | |||||
| Regioun | |||||
| Departement | |||||
| Arrondissement | Épernay | ||||
| Kanton | Avize | ||||
| Code Insee | 551411 | ||||
| Postcode | 51190 | ||||
| Koordinaten | 48° 57' 30" N 04° 00' 47" O |
||||
| Fläch Uertschaft | 1 506 ha | ||||
| Bevëlkerung Uertschaft | 558 (1999) | ||||
Oger ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Marne an der franséischer RegiounChampagne-Ardenne.
D'Duerf, dat an der Côte des Blancs am Süde vun Épernay läit, ass op der Lëscht vun der Associatioun Les plus beaux villages de France als Village de Charme klasséiert.
Den Terrain vun der Uertschaft kann een an dräi grouss Partien opdeelen:
- Am Süden, am Dall vun der Champagne crayeuse leien d'Felder op deenen haaptsächlech Weess gezillt gëtt.
- Am Osten op der Kopp ass eng Corniche déi aus Bëscher besteet, an deene mer haaptsächlech Bierke fannen. Am Hank ënner dem Bësch stinn Hecken déi awer séier de Wéngerte Plaz maachen.
- Tëscht deenen zwee läit d'Duerf mat de Wéngerte ronderëm.
An der Uerschaft ass alles no beienee gebaut, an se steet och op der Plaz wou de Buedem keen esou e gudde Rendement fir de Wäin hat. Well d'Wéngerte bis un Duerf stoussen, huet dëst sech och ni vergréissert, fir nëmme keen halwen Ar vun der deierer Wäinubaufläch ze verléieren. D'Haiser sinn aus Zillen a Meulièrë gebaut. Déi eelst Haiser déi am Torchis gebaut waren, ginn hautdesdaags nach just als Hangar a Remise benotzt.
Déi dräi Buren, d' Fontaine au Pommier, Les Graillots a Les Sept Vents hunn d'Uertschaft bis an 50er Jore mat Waasser beliwwert.
D'Wéngerten déi sech den Niveaulinne vum Hank upassen, weisen och op d'Propriétéitsverhältnesser hin. Et sinn e lauter kléng Proprietéiten, mat seelen iwwer 2 ha, déi awer klenge Familljebetriber et erlaben, fir gutt vum Wäin ze liewen.