Oia (Griicheland)

Vu Wikipedia
Oia
 
Land Griicheland
Vewaltungseenheet Regioun Südlech Egäis
Awunner 478
  2021; 2001; 1991; 2011; 1951
Héicht 80-100
Koordinaten 36° 27’ 43’’ N
      25° 23’ 0.54’’ E
Vue op Oia
Déi 4 Klacken

Oia oder Ía (Οία op Griichesch) ass eng Uertschaft op der Insel Thira, am Santorini-Archipel, deen zu den Zyklade gehéiert, an der Regioun Südlech Egäis.

Oia huet 665 Awunner, mat de Weilere ronderëm der 1226. Et läit eng 11 km nordwestlech vu Fira, um Bord vun der Caldera, op der Nordwestspëtz vun der Insel. Vun der Uertschaft, déi op 70–100 m Héicht läit, ginn zwou Trapen erof bei den Hafen.

Fréier huet d'Uertschaft Apano Meria oder Anomeria (Απάνω Μεριά, Ανωμεριά) geheescht, den Numm Oia krut s'an den 1930er Jore fir un déi antik Stad Thera z'erënneren, déi op der Südsäit vun der Insel louch.[1].

Oia war vum 19. Joerhonnert bis 1997 eng eegestänneg Gemeng. Se gouf du mat Thirasia zu der Kinotita ("Landgemeng") Oias Κοινότητα Οίας, zesummegeluecht. 2011 gouf déi, als Δημοτική Κοινότητα Οιας, eng Sektioun vun der nei geschaafter Gemeng Thira (Dimos Thiras Δήμος Θήρας).

1956 war Oia bei engem Äerdbiewe staark zerstéiert ginn.

Vun 1976 u goufen d'Haiser an de verwénkelte Gässele restauréiert, kruten hir typesch wäiss Faarf, an et goufen tourismusgerecht Restauranten, Hotelen a Baren a verschiddene vun hinnen amenagéiert. Haut kaschten d'Terrainen do mat am deierste vu ganz Griicheland.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Klaus Bötig: Santorin. Marco Polo, Reisen mit Insidertipps. MAIRDUMONT Verlag, Ostfildern. 2. Auflage 2004, ISBN 3-8297-0325-2.
  • Nicoletta Adams: Santorin. DuMont Buchverlag, Köln. 5., aktualisierte Auflage 2000, ISBN 3-7701-2883-4.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ia (Griechenland) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Οία Σαντορίνης: ο έρωτας των αντιθέσεων, Artikel an de Piraeus News