Okular

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
E Plössl-Okular 32 mm

En Okular ass deen Deel vun engem optesche System, dee benotzt gëtt fir mam A (laténgesch oculus) an de System ze kucken. Sou optesch Systemer kënnen zum Beispill Spektiven, Kameraen, Refrakteren, Teleskoper oder Liichtmikroskope sinn. En Okular besteet dobäi aus enger eenzelner Lëns oder aus engem Lënsesystem.

D'Funktioun vum Okular ass et, e Bild beim Observer ze maachen. Déi uewe genannt optesch Systemer maachen ouni Okular e reellt Bild um Fokalplang, dat reellt Bild ka bei elektronesche Sicher awer och direkt visuell op engem klenge Bildschierm gekuckt sinn. D'Optik vum Okular projezéiert an Zesummenaarbecht mat der Optik vum A dat Bild op d'Netzhaut.

D'Austrëttspupill (AP) vun engem optesche System muss op d'Antrëttspupill (EP) vum A ofgestëmmt sinn. Idealerweis ass hir Gréisst net méi grouss wéi déi vun der Antrëttspupill. Soss gëtt Liicht verschenkt, well dat austriedend Liichtbëndel nëmmen deelweis an d'A kënnt. Ausserdeem sollt d'Austrëttspupilleschnëttwäit (den Aenofstand) vum Okular grouss genuch sinn, datt d'Aepupill op där Plaz positionéiert ka ginn. Eeler Okularkonstruktiounen erlabe keng komplett Upassung un d'A. Entweder louch d'Austrëttspupill ze no hanner der leschter Lëns, sou datt si fir Brëllendréier ongeeegent waren oder si hate keng ganz Faarfkorrektur gemaach. Fest agebaut Okularen erlaben dacks en Dioptrienausgläich.

Bestanddeeler[änneren | Quelltext änneren]

Aemuschel[änneren | Quelltext änneren]

Déi meescht Okularen hunn op der Kant vun der Aesäit e Gummirank, deen dacks och zréckgeklappt ka ginn. Hien huet zwéin Zwecker: E verhënnert d'Andrénge vu Streeliicht, dat d'Observatioun stéiert an et hëlleft duerch seng Beréierung de Kapp roueg ze halen. Deelweis sinn dës Aemuschelen asymmetresch ausgefouert, fir déi baussenzeg Säit vum A nach besser virum Streeliicht ze schützen.

Feldblend[änneren | Quelltext änneren]

D'Feldblend vun engem Okular läit um Brennniveau vum Objektiv a begrenzt domat dat visuellt Gesiichtsfeld. Bei einfache Okularbauformen ass d'Feldblend als Rank an der Okularsteckhüls a (vum Objektiv aus gesinn) virun de Lënsen vum Okular ze gesinn. Wann d'Feldblend vun engem Okular ewech geholl gëtt, ka sech dat visuellt Gesiichtsfeld vergréisseren. De Rand vum vergréisserte Gesiichtsfeld gëtt dann allerdéngs duerch Vignettéierung ofgedonkelt a ka meeschtens net méi schaarf begrenzt sinn. Fir bei am Verhältnes zum Steckduerchmiesser laangbrennwäitegen Okulare dat maximaalt Gesiichtsfeld ze erreechen, gëtt d'Feldblend gelegentlech vum Fabrikant ewech gelooss a soumat d'Steckhüls als Feldblend gebraucht.

Déi maximal Gréisst vun der Feldblend ergëtt sech aus der Steckmooss minus der duebelter Materialdéckt vun der Steckhüls.

Filtergewënn[änneren | Quelltext änneren]

Op der Feldsäit vu bal allen Okulare an de Gréissten 1,25 an 2 Zoll befënnt sech op der bannenzegter Säit um viischten Enn vun der Steckhüls e Filtergewënn, dat Filteradapter ophuele kann. Och kann dort eine Barlow-Linse ohne deren hinterer Steckhülse eingeschraubt werden. Dies verréngert de Verlängerungsfaktor vun der Brennwäit, well den Ofstand zum Okular elo vill manner ass wéi virgesinn. Sou kann ee mat der Feldlëns vun enger Barlow mat 2-facher Vergréisserung e Faktor vun zirka 1,4-fach erreechen.

Well et awer keen wirkleche Standard am Gewënnduerchmiesser a méi nach an der Gewënnsteigung gëtt, kann et heiansdo passéieren, datt e Filter oder aner Zousätz net passen oder sech nëmme zirka 1 bis 2 Ëmdréiunge wäit opschrauwe lässt.loossen

Steckhüls[änneren | Quelltext änneren]

D'Steckhüls ass de feldsäitege, viischten Deel vum Okular. D'Steckhüls verschwënnt idealerweis vollstänneg am Okularauszuch a gëtt do vun enger oder zwou Rännelschrauwen oder vun engem Klemmrank gehalen. Déi baussenzegt Säit vun der Steckhüls ass glaat, fir en Tauschen vum Okular ze erméiglechen. Déi bannenzeg Säit dogéint ass absichtlech rau; Oft ass si duerchgängeg mat dem Filtergewënn verslnn an si ass mat matter schwaarzer Faarf ofgedonkelt. Béid Moossnahmen verréngern dat ëmmer entstoend Streeliicht.

Brennwäit a Vergréisserung[änneren | Quelltext änneren]

D'Brennwäit vum Okular ass a Millimeter uginn a bestëmmt zesummen mat der Brennwäit vum Objektiv d'Vergréisserung vum opteschen Instrument, an deem et gebraucht gëtt (wat méi kleng d'Brennwäit, ëmsou méi héich ass d'Vergréisserung). Huet en Teleskop zum Beispill eng Brennwäit vun 2000 mm an en Okular vun 20 mm, sou ergëtt sech eng Vergréisserung vun 100x (eenhonnertfach). Fir d'Vergréisserungsberechnung ergëtt sech dës Formel:

v=\frac{F_\text{Objektiv}} {F_\text{Okular}}

Mat v = Vergréisserung an F_\text{Objektiv} an d'Objektiv- an F_\text{Okular} d'Okularbrennwäit.

Ass d'Brennwäit net bekannt, well z. B. keng Donnéeën um Okular ze fanne sinn, kann si erausfonnt ginn. Et brauch een dofir:

  • d'Antrëttspupill EP vum Instrument. Bei Teleskopen ass dat de fräie Duerchmiesser vun der Frontlëns respektiv vum Haaptspigel.
  • D'Austrëttspupill AP (Moossen vun der AP)
  • an d'Brennwäit F_\text{Objektiv} vum Instrument.

All Donnéeën an derselwechter Längeneenheet, normal sinn Millimeter.

F_\text{Okular}=\frac{F_\text{Objektiv}\cdot AP} {EP}

Richtegt Gesiichtsfeld respektiv Gesiichtsfeldzuel[änneren | Quelltext änneren]

Aus dem Duerchmiesser d vun der Feldblend an der Brennwäit f vum Teleskop kann dat richtegt Gesiichtsfeld vun enger Teleskop-Okular-Kombinatioun, also den Ausschnëtt um Himmel, einfach berechent ginn:

\text{wGF}\lbrack^{\circ}\rbrack=2 \cdot\arctan\left(\frac{d}{2\cdot f} \right)

Bei Huygens- an Mittenzwey-Okulare gëllt d'Formel net, well virun der Feldblend eng Optik läit, dat d'Bild, wat duerch d'Teleskopoptik entworf gouf, an der Gréisst verännert.

An der Liichtmikroskopie gëtt d'Gréisst vum observéierte Beräich mat der Gesiichtsfeldzuel uginn.

Visuellt Gesiichtsfeld[änneren | Quelltext änneren]

Dat visuellt Gesiichtsfeld bestëmmt, wéi "tunnelarteg" de Bléck duerch dat optescht Instrument ass. D'Gesiichtsfeld gëtt a Wénkelgrad uginn. E grousst Gesiichtsfeld léisst den Observeur schäinbar méi déif an d'Bild andrengen, well et um Rand Objete ofbilt, déi bei engem klengere Gesiichtsfeld ofgeschnidde wären. Ab engem Gesiichtsfeld vun zirka 60° schwätzt ee vun engem Wäitwénkelokular. Am Ament sinn fir Amateur-Teleskope Okulare mat Gesiichtsfelder vun 30° bis 110° ze kréien.

Wéi fir dat richtegt Gesiichtsfeld gëllt och hei. \text{sGF}\lbrack^{\circ}\rbrack=2 \cdot\arctan\left(\frac{d}{2\cdot F} \right) Dobäi ass F d'Brennwäit vum Okular.

Dat schäinbart Gesiichtsfeld vum Okular kann net sou einfach berechent ginn, well virun allem modern Wäitwénkel-Okularkonstruktiounen zum Rand hin eng staark Verzeechnung opweisen. Bei dëse Bauforme ass d'Feldblend vum Okular dacks am Kär tëscht de Lënsen. Wann een d'Verzeechnung net berücksichtegt, gëllt (no Opléisung vun der Gläichunge fir sGF an wGF):

\text{sGF}\lbrack^{\circ}\rbrack=2\cdot \arctan \left (\text{Vergr.}  \cdot \tan\left(\frac{\text{wGF}\lbrack^{\circ}\rbrack}{2} \right)\right)

Barlow-Element um Okular

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Okular – Biller, Videoen oder Audiodateien