Oliver Cromwell

Vu Wikipedia
Oliver Cromwell
Titelen
Virgänger Charles I. (als Kinnek)
Nofollger Richard Cromwell
Biographie
Gebuer 25. Abrëll 1599 jul.
Gestuerwen 3. September 1658 jul.
Papp Robert Cromwell
Mamm Elizabeth Steward
Kanner Richard Cromwell, Elizabeth Claypole, Frances Cromwell


Den Oliver Cromwell (* 25. Abrëll 1599 zu Huntingdon; † 3. September 1658) war als Lord Protector den Herrscher iwwer England, Schottland an Irland wärend der kuerzer republikanescher Period an der brittescher Geschicht. Ursprénglech en einfachen Deputéierten aus dem House of Commons, gouf de Cromwell an der Englescher Revolutioun géint de Kinnek Charles I. zum Organisateur an zum wichtege Feldhär vum englesche Parlament. Mat der Hiriichtung vum Charles I. hunn all Versich vum Haus Stuart opgehalen, fir England an en absolutistesche Staat ëmzewandelen. Allerdéngs hat och de Cromwell op laang Siicht keen Erfolleg an England ass keng Republik bliwwen.

Den Oliver Cromwell gouf als Jong vum Landadelege Robert Cromwell (~1560-1617) an der Elizabeth Steward (oder Stewart; 1564-1654) zu Huntingdon, an der Grofschaft Huntingdonshire an East Anglia gebuer. Säi Papp war en Nofollger vun der Catherine Cromwell, enger eelerer Schwëster vum Thomas Cromwell, deen als Lord Privy Seal vum Henry VIII. fir d'Lassléisung vun der anglikanescher Kierch vu Roum geschafft hat. Warscheinlech fir ze weise, wat si fir wichteg Verwandschaft hätten, hunn d'Kanner vun der Catherine hire Meederchersnumm ugeholl, obscho si bestuet war.

De Cromwell als Parlamentarier[änneren | Quelltext änneren]

Wärend sengem Studium zu Cambridge ass den Oliver Cromwell eng éischt Kéier mat den Iddie vum Puritanismus a Beréierung komm. Zum wierkleche Puritaner gouf hien awer eréischt an de Joren 1628-1629, wéi en eng éischt Kéier als Deputéierte fir Huntingdon am Ënnerhaus suz. An den eelef Joer vu 1629 bis 1640, an deenen den Charles I. versicht huet, ouni Parlament ze regéieren, hat de Cromwell zu Huntingdon e gutt Liewen a war e räiche Grondbesëtzer.

1640 huet de Kinnek d'Parlament nees aberuff, well hie fir de Bëschofskrich géint d'Schotte Sue gebraucht huet. De Cromwell war direkt op der Säit vun de Géigner vum Kinnek, déi d'Steiergelder nëmmen am Zesummenhang mat politesche Fräiheeten erlabe wollten. Am November 1641 huet hien nieft dem John Pym zu den Initiateure vun der Grousser Remonstranz gehéiert, enger Plainte vum Ënnerhaus wou si all d'Feeler vun der Regierung vum Charles I. opgelëscht haten.

Statü vum Oliver Cromwell virun dem Palais vu Westminster zu London

De 4. Januar 1642 hat e Versuch vum Kinnek, d'Cheffe vun der Oppositioun am Ënnerhaus ze verhafte, keen Erfolleg. Dëse Staatsstreech huet d'Englesch Revolutioun (och Englesche Biergerkrich) ausgeléist. De Cromwell huet eng parlamentaresch Arméi, d'New Model Army, op d'Bee gestallt, déi vill zu der Victoire iwwer d'Royaliste bäigedroen huet. No der parlamentarescher Victoire gouf dem Kinnek de Prozess gemaach; den 30. Januar 1649 gouf hie viru senger Resizenz zu Whithall wéinst Verrot, Mord an Héichverrot higeriicht an England gouf zu enger Republik erkläert.

Herrscher iwwer de Commonwealth[änneren | Quelltext änneren]

Dem Cromwell seng Aktioune sinn net iwwerall op Begeeschterung gestouss an et koum zu Opstänn - Schottland an Irland goufen duerch englesch Truppen ageholl (Strofzich vum Cromwell). D'Ënnerdréckung vun de Royalisten an Irland am Joer 1649 ass nach ëmmer an de Käpp vun der nordirescher Bevëlkerung. De Massaker vun ëm déi 3500 Mënschen zu Drogheda no der Eruewerung vun der Stad – zirka 2700 kinnekstrei Zaldoten an all bewaffent Männer vun der Stad, egal op Zivilisten, Gefaangen oder kathoulesch Paschtéier  – ass ee vun den historesche Menetekel, déi nach haut déi iresch-englesch a kathoulesch-protestantesch Bezéiunge belaaschten. De Cromwell huet säin Uerder fir de Massaker fir gerechtfäerdegt gehalen, well d'Verdeedeger vun der Stad haten am Géigesaz zum Krichsrecht weidergekämpft, nodeem d'Mauere vun der Stad gefall waren.

An der Friddenszäit no de Biergerkricher huet de Cromwell de Commonwealth of England regéiert, zanter dem 16. Dezember 1653 mam Titel „Lord Protector vun England, Schottland an Irland“. Obschonn hie vum Parlament d'Kroun am Joer 1657 ugebuede krut, huet hien ofgeleent. Hien huet um Enn vum Krich Meutereien an Opstänn an der Arméi ënnerdréckt, déi ausgeléist goufe, well d'Zaldoten net bezuelt goufen. Hien huet och keng Sympathië fir d'Beweegung vun de Levellers gewisen, de Gläichmaacher, déi sech fir d'Interesse vum klenge Biergertum agesat hunn, a vun Deeler vum Parlament ënnerstëtzt goufen. D'chrëschtlech-kommunistesch True Levellers ënner der Féierung vum Gerrard Winstanley huet hien aktiv bekämpft. 1653 huet hie säi Cabinet entlooss; seng Aussepolitik – besonnesch d'Navigatiounsakter – hunn zum Englesch-Hollännesche Krich (1652-1654) gefouert. Lues a lues gouf säi Regierungsstil ëmmer méi zu enger Militärdiktatur.

Nom Doud vum Cromwell den 3. September 1658 duerch Malaria gouf säi Jong Richard Cromwell säin Nofollger. Hien huet awer nëmme bis am Abrëll 1659 regéiert, well hien d'Arméi net kontrolléiert krut. 1660 huet d'Parlament dem Charles II. d'Kroun iwwerrecht, an d'Monarchie restauréiert.

1661 gouf d'Läich vum Oliver Cromwell aus der Westminster Abbey exhuméiert an et gouf eng posthum Hiriichtung duerchgefouert. Seng Iwwerreschter goufen zu Tyburn begruewen; säi Kapp gouf an de Buedem vum Sidney Sussex College zu Cambridge agemauert.

Kannerlidd iwwer de Cromwell[änneren | Quelltext änneren]

Oliver Cromwell lay buried and dead, hee-haw, buried and dead,
There grew an old apple-tree over his head, hee-haw, over his head.

The apples were ripe and ready to fall, hee-haw, ready to fall,
There came an old woman to gather them all, hee-haw, gather them all.

Oliver rose and gave her a drop, hee-haw, gave her a drop,
Which made the old woman go hippety hop, hee-haw, hippety hop.

The saddle and bridle, they lie on the shelf, hee-haw, lie on the shelf,
If you want any more you can sing it yourself, hee-haw, sing it yourself.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Antonia Fraser, Cromwell: Our Chief of Men, Methuen, London, 1985. (ISBN 0-413-57390-7)
  • Christopher Hill, God's Englishman. Oliver Cromwell and the English Revolution, London, 1970. (ISBN ISBN 0-297-00043-8)
  • Peter de Mendelssohn, "Das Gewissen und die Macht" in: Die Geburt des Parlaments, München, 1983. (ISBN 3-596-22524-8)
  • Karl Heinz Metz, Oliver Cromwell, Muster-Schmidt, Göttingen, 1993. (ISBN 3-7881-0142-3)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Oliver Cromwell – Biller, Videoen oder Audiodateien
Virgänger:
Charles I.
Lord Protector
1653-1658
Nofollger:
Richard Cromwell