Olivier Chastel

Vu Wikipedia
Olivier Chastel
Gebuer 22. November 1964
Léck
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Politiker, Apdikter
Partei Mouvement réformateur

Den Olivier Chastel, gebuer den 22. November 1964 zu Léck, ass e belsche Politiker (MR). Vu Beruff ass hien Apdikter.

Hie war zanter dem 30. Dezember 2008 an der Regierung Van Rompuy Staatssekretär am Ministère vun den Affaires étrangères an ass do chargéiert sech ëm d'Virbereedung vun der Presidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun ze bekëmmeren. Nom Depart vum Van Rompuy ass hien an der selwechter Funktioun an der Regierung Leterme II bliwwen.

Vum Februar bis Dezember 2011 war hie Minister Kooperatioun an Entwécklung, an och zoustänneg fir europäesch Affairen. Dono war, bis Oktober 2014 Minister vum Budget a fir Verwaltungsvereinfachung.

Zënter Enn 2014 ass hie President vum Mouvement réformateur.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]