Mira (Stär)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Omicron Ceti)
Kaart vum Stärebild Cetus
Mira Foto: Hubble-Teleskop

De Mira, och nach ο Ceti (Omikron Ceti) genannt, ass en Duebelstär am Stärebild Cetus (Walfësch). Den Duebelstär besteet aus dem roude Ris Mira A oder einfach Mira an dem wäissen Zwerg Mira B oder VZ Ceti. De Mira A ass ee verännerleche Stär a gëtt den Numm fir d'Mira-Stären. De Mira läit op enger Distanz vun ongeféier 419 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech.

De Mira A ass e roude Ris vun der Spektralklass M (Hipparcos Datenbank). E verännert wärend enger Period vu ronn 331 Deeg seng Liichtkraaft ëm e puer Gréissteklassen. Weeder d'Period nach d'Hellegkeetsminima an -maxima sinn konstant. Am Maximum ka si déi 2. Gréissteklass erreechen an ass dann en opfällegen helle Stär um Nuetshimmel. Wärend dem Minimums kann d'Hellegkeet bis op déi 9. Gréissteklass eroffalen, soudatt fir d'Observatioun en Teleskop gebraucht gëtt. De Mira huet e mëttleren Duerchmiesser vu zirka 550 Mio. km (zirka 390 Sonnenduerchmiesser). Domat ass de Mira sou grouss, datt d'Hubble Space Telescope de Stär als Scheif an net nëmmen als Punkt opléise kann.

Entdeckt gouf de Mira vum ostfriesesche Paschtouer an Amateurastronom David Fabricius den 13. August 1596. Am Joer 1639 huet de Johann Ph. Holwarda entdeckt, datt de Mira seng Hellegkeet méi oder wéineger reegelméisseg ännert. Wéinst dëser komescher Eegenschaft krut de Stär säin Numm - Mira, déi "Wonnerbar". Am Joer 1923 gouf vum R.G. Aitken e schwaache Begleeder (VZ Ceti) fonnt, deen de Mira mat enger Period vun zirka 400 Joer ëmkreest.

2007 gouf mat Hëllef vum Galaxy Evolution Explorer-Detekter, en 13 Liichtjoer laange Schwäif hanner dem Stär Mira entdeckt (kuckt heizou d'Foto lénks ënnen).

Foto vum koméitenaartege Schwäif vum Stär Mira

Koordinaten (Equinoxe 2000)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie


Commons: Mira – Biller, Videoen oder Audiodateien