Omorikafiicht
| Omorikafiicht | |||||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
|
En Aascht mat jonke Schëtz |
|||||||||||||||
| Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |||||||||||||||
|
|||||||||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||
| Picae omorica „Pančić.“ „Purkyně.“ |
|||||||||||||||
D' Omorikafiicht, Picae omorica oder Serbesch Fiicht ass e Bam aus de serbeschen Tarabierger, wou se haaptsächlech op géien Häng mat réie Biedem a Rendzinen, an a suppege Sanke bis op eng Héicht vun 1.000 Meter virkënnt.
Si wiisst vill méi lues wéi d'Fiicht Picea abies, huet awer dofir gutt Pionéierqualitéiten. Se gëtt fréi fruchtbar, a mécht dacks Som, an zillt sech vegetativ weider. Si ass resitent géint all Zorte vu Frascht, a mécht ganz seele Schnéi- oder Äisbroch. Se verdréit Dréchent esou gutt wéi d'Nätzt, a sauer Reaktiounen esou gutt wéi déi neutral. Géint den Zant vum Wëld ass se duerch hir pickeg Nolespëtze protegéiert.
Den Ubau vun Omorika ass op karstegen Häng, a Fraschtlagen a Schnéibrochgéigenden, op Mueren an Heeden ze recommandéieren.
Op nasse Plazen a versaierte Biedem besteet Wandworfgefor, well se do hir Wuerzelen net wäit genuch no ënnen ausbilde kann.